Klierfer Guiden a Scouten invitéieren iech op déi 8. Editioun vum Funky Donkey, den 12 an 13. September 2025!
Lass geet et Freides Owes um Funky Friday mam DJ KARIER an AhOLICS. Eng onvergiesslech Party ass garantéiert!
🎶 Um Samschdeg erwaart iech wéi gewinnt e geniale Mix vu nationalen an internationalen Acts. Dobäi sinn ënner aneren Stay Fou den Dr. Gonzo a vill aner Bands an DJ's.
Nieft der Musek ginn et och Maartstänn, Workshops, Feierkënschtler an nach vill méi – e Festival-Erlebnis fir all äer Sënner!
Den Festival ass net nëmmen Funky, mee och fir den gudden Zweck: Enn Deel vum Benefice geet un d’ONG "Guiden a Scouten fir eng Welt" |