Leif Biber-, Wëllef- a Gruppe-Chef:tainen
Och dëst Joer, invitéiert Œuvre Nationale iech an är Biber an/oder Wëllefcher rëm op hiert Kannerfest am Beetebuerger Park.
📅 Samschdeg, de 27. September 2025
🕙 Vu 10 Auer moies bis 6 Auer owes
📍 Am Parc Merveilleux zu Beetebuerg
Dësen Dag ass fir Kanner tëscht 3 a 12 Joer, hir Elteren an/oder hir Begleeder:innen.
D’Kanner kënnen de ganzen Dag iwwer fräi vun de Karusseller, dem Déierepark, den Atelieren an der Animatioun profitéieren, déi vun Associatiounen organiséiert ginn, déi vun der Œuvre ënnerstëtzt ginn.
Alles steet ënnert dem Zeeche vu Beweegung, Wuelbefannen a matmaachen duerch Spill a Sport.
Den Entrée, d’Iessen an d’Gedrénks, dat op der Platz ugebuede gëtt, ass fir all ugemellte Persoun gratis.
D'Umeldunge lafen nach bis den 20. September 2025.