Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Weekend de Lancement / Odyssee 2026

 Leif Raro,

Et ass erëm sou wäit, d’Odyssee’e sti virun der Dier.

 

Hei d‘Eckdate vun dësem wichtegen Evenement:

 

Datum:

11. – 12. Oktober 2025

Präis:

35€

(sollt nom Weekend vun dësem Budget nach eppes Rescht bleiwen, spende mir dat den eenzelnen Odyssee Projet’en)

Umeldung:

Dier kennt iech ab elo umellen iwwer raro@lgs.lu, an dat bis den 01.10.2025 um 23:59.

Wann dier e Clanchef hutt, muss der eng gemeinsam Umeldung iwwert äre Clanchef maachen.

Sidd dier just eenzel RaRo ouni Clanchef, da mellt iech individuell un.

Wichteg:

Gidd bei der Umeldung de ganzen Numm an de Gebuertsdag vun de potentielle Participant’en un.

 

Plaz:

Relais de l’amitié zu Bilsdorf

10, rue Abb Neuens, L-8811 Bilsdorf Rambrouch

Logement:

Vu d’Unzuel vun de Projet-Staff’en an de jeeweilege Participant’en, schlofe mer op der Campwiss. Mir hunn dofir beim SNJ Schreiberzelter organiséiert mat Feldbetter.

Denkt drun e gudde Schlofsak an eng Isomatt matzebréngen, et kann am Oktober awer scho mol frësch sinn an der Nuecht.

Programm:

Den offizielle Programm geet um 17h00 lass.

Dier kennt awer och gäre schonn éischter kommen, denkt awer w.e.g, bei ärer Urees, dass der iech nach musst an den Zelter installéieren, ier et mam Programm lass geet. Loosst iech dofir genuch Zäit.

Den offizielle Programm ass geplangt vir 14h00, Sonndes, fäerdeg ze sinn.

 

Wichteg ze wëssen ass och, dass et och e Programm gëtt vir déi Leit, déi nëmme wëllen op de Lancement kommen, an net um Odyssee Programm wëllen Deel huelen! Loosst eis dat bei ärer Umeldung wëssen.

Ravi:

Vir Ravi ass gesuergt!

Dier kritt e waarme Plat Samschdes Owes, Moiesiessen um Sonndeg an e waarmt Mëttegiessen ier et da leider scho rëm Heem geet.

 

Wichteg:

Gidd bei der Umeldung och un, ob der Allergien oder Intoleranzen hutt, mir berücksichtegen dat esou gutt mer kennen oder probéiere mat iech zesummen eng Léisung ze sichen.

 

Wichteg Note:

Vir sech kennen op der Odyssee unzemellen, muss der vir de komplette Weekend do sin, mir kennen hei fairnesshalber keng Ausnahmen maachen.

 

Sollte lo nach Froen opbliwwe sin, dann zéckt net eis ze schreiwen.

 

Mir freeën eis op iech!

 

Mat beschte Guiden & Scoutsgreiss

 

D’Raro - Ekipp

Lalux Assurances BeFresh Voyages Vandivinit BIL

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken