ESCH2022 – Europäesch Kulturhaaptstad
D’Organisateure vun Esch2022 sinn un d’LGS erugetrueden fir um Programm Deel ze huelen. Den Datum ass fir d’LGS vum 2. – 6. Abrëll 2022.
Mir wëllen hei iwwer déi Deeg verschidden Atelieren an Esch ubidden. Fir jiddereen soll eppes derbai sinn. Beräicher vun der Kultur bei den LGS sinn z.B. Kreativitéit, Musik, Natur, Kachen, Theater, …
Bis zum Summer giffe mer gären ee provisoresche Programm opstellen an dofir brauche mer elo är Hëllef.
- Hues du eng Idee fir esoueen Atelier ? - Wëlls du selwer en Atelier halen ? - Wärs du interesséiert een oder méi Deeg ze hëllefen ? - …
Fir all Interessenten ass eng Versammlung de 17. Juni 2021 um 19:30 an der Gemeng zu Esch.
Mir soen dir elo scho Villmools Merci fir déng Hëllef!
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
D'Programmekipp |