|
Ab dem 1. November ginn dann d’nominal Umeldungen op. Vun dësem Moment u mussen d’CaraPio – respektiv hir Elteren – e Formulaire ausfëllen, an deem eng ganz Rei wichteg Informatioune gefrot ginn: vum Numm a Matricule bis hin zu der Wiel vum Hike-Niveau an aner Camp-relevant Detailer. De Link zu dësem Formulaire gëtt ëmmer vum responsabele Chef un seng CaraPio weidergeleet.
2. Präis vum Camp
De Camp wäert fir CaraPio a Chefs 600 – 700 Euro kaschten.
D’Campchefs sinn am Moment a Gespréicher mat der Œuvre Nationale. De Staff vum Camp huet sech als grousst Zil gesat, datt dëse Camp e “Camp fir jiddereen” gëtt. Wa mir Subside vun der Œuvre kréien, kënne CaraPio aus Familijen, fir déi et méi schwéier ass de Camp ze finanzéieren, ënnerstëtzt ginn. Dëst gëllt och fir Chefs, déi sech de Camp soss net leeschte kéinten.
Wichteg ass awer och, datt all Trupp selwer responsabel ass fir duerch verschidden Aktivitéite Suen ze verdéngen, fir domat de Präis fir hir Trupp méi bëlleg ze maachen. Beispiller dofir si: sech an deene grousse Geschäfter an der Chrëschtzäit melle fir Kaddoen anzepaken ando e klengt Täschegeld verdéngen. Och Kuch ze verkafen ass ëmmer erëm beléift. D’Organisatioun vun esou Aktivitéite läit bei den eenzelen Truppen an hire Chefs.
Eise Budget wäert komplett transparent gefouert ginn a mir kënnen iech bei Froe gäre weider Informatiounen zu eiser Budgetsopstellung ginn.
3. Acompte
Schluss mat Brout baken, Ciao Online-Cours, bye bye Online Guiden/Scouts Versammlungen: mir ginn op den ZAM 2022!
Ab dem 1. November sinn déi definitiv an nominal Umeldungen op.
De Responsabele Chef huet bis de 1. Dezember 2025 Zäit seng CaraPio Trupp iwwer eise Site unzemellen.
Nom 1. Dezember kritt all Trupp eng detailléiert Rechnung geschéckt. Den 1. Acompte muss bis spéitstens den 20. Dezember 2025 bezuelt ginn.
Déi genau Opstellung ass: |