|
Gudde Mëtteg,
Zesumme mam SNJ si mir op der Sich no engem Grupp Avex oder Carapio (kann och gäre béid Branche gemëscht sinn mat mindestens 10 Participanten), déi interesséiert sinn un engem Testweekend fir hire Projet Clic (Flyer am Anhang) deelzehuelen.
Dëst wär elo schonn den 18ten an 19ten Oktober vu Samschdes 9h bis Sonndes 17h. Bis op d' Urees sinn all d' Käschte scho gedeckt an dir kéint en interessante Weekend mat ärer Branche verbréngen.
Bei Froen kënnt der iech gären beim Lina Reding oder Jeanne Scholtes vum SNJ mellen.
Tel: (+352) 247-86453
E-mail: lina.reding@snj.lu oder jeanne.scholtes@snj.lu
Mir soen elo schonn villmols Merci fir äeren Interessi an äer Participatioun.
Bei weideren Froen stinn ech natierlech och zur Verfügung.
Wann dir interesséiert sidd, mellt iech w.e.g bis Méindeg den 13ten Oktober beim: Matthieu Schmit: matthieu.schmit@lgs.lu +352 26 94 84 22
[pdf-embedder url="https://news.lgs.lu/wp-content/uploads/sites/2/2025/10/CliC-Flyer-A5.pdf" title="CliC Flyer A5"]
Mat beschte Gréiss |