Léif Cheftainen a Chefs,
Mam neie Covid-Gesetz vum 19. Juni sinn am Jugendsecteur nees Aktivitéite mat méi Participante méiglech. Dës Reegele gëlle bis de 15. Juli 2021. Et ass awer kloer, dass d’LGS-Gruppe solle Summercampe plangen, och wann déi genee Konditiounen heifir bis elo nach net genee definéiert goufen.
Fir d’Guiden a Scouten gëllen elo folgend Reegelen:
Aktivitéiten ouni Iwwernuechtung (Versammlungen a Sortien):
- D‘Aktivitéite (Versammlungen a Sortien) fannen a Kontaktgruppe vu maximal 50 Leit (Kanner/Jugendlecher a Chefs) statt.
- Eng Kontaktgrupp muss wärend der ganzer Aktivitéit vun deene selwechte Chefs betreit ginn.
- E puer Kontaktgruppe kënnen zum selwechten Zäitpunkt eng Aktivitéit op deem selwechte Site hunn, ënnert der Konditioun, dass se permanent Distanz zu eneen halen a sech net vermëschen.
- Wann d’Aktivitéit dobausse stattfënnt, musse keng Maske gedroe ginn. Wann d’Aktivitéit dobanne stattfënnt, muss jidderee wärend der ganzer Aktivitéit eng Mask droen.
- Et däerf wärend enger Aktivitéit giess ginn:
- Dobannen: Hei däerfe maximal 4 Leit beienee sëtzen a mussen op d’mannst 2 Meter Ofstand zu deenen aneren „Iessgruppen“ halen. Wärend dem Iessen däerf d’Mask ausgedoe ginn.
- Baussen: Hei däerfe maximal 10 Leit beienee sëtzen a mussen op d’mannst 2 Meter Ofstand zu deenen aneren „Iessgruppen“ halen.
Aktivitéite mat Iwwernuechtung (Weekender a Campen):
Am Ausland:
Eng Aktivitéit am Ausland mat Iwwernuechtung ass erlaabt. De gesetzleche Kader vum jeeweilege Land muss agehale ginn.
Zu Lëtzebuerg:
- Fir un der Aktivitéit deelhuelen ze däerfen, muss all Participant (Kanner/Jugendlech a Chefs) bei der Arrivée e Covid-Schnelltest maachen. Et mussen déi Schnelltester benotzt ginn, déi mir vum Educatiounsministère kréien.
- E Weekend muss op d‘mannst 2 Wochen am viraus ugemellt an accordéiert sinn. Dësen Delai ass noutwenneg fir ze garantéieren, dass dir d’Schnelltester gestallt kritt. Dir gitt vun der Géisserei kontakteiert, wéini a wou dir d’Tester kënnt ofhuelen.
- D‘Aktivitéite fannen a Kontaktgruppe vu maximal 50 Participanten (Kanner/Jugendlech a Chefs) statt.
- Dobausse muss keng Mask gedroe ginn.
- Fir ze schlofe gëtt dës Kontaktgrupp vu 50 Participanten an Ënnergruppe vu maximal 10 Leit opgedeelt. Dës Ënnergruppe bleiwe fir déi ganz Dauer vum Weekend fest an däerfen net geännert ginn. An dësen Ënnergruppe brauch och dobanne keng Mask gedroen ze ginn.
Schnelltester:
- No der Umeldung kritt dir en Dokument mat méi detailléierten Erklärungen.
- Fir mannerjäreg Participante mussen d‘Elteren e „Consentement“ ausfëllen a bescheinegen, dass si kee (wëssentleche) Kontakt mat enger Persoun haten, déi positiv op Covid-19 getest gouf. D’Eltere verpflichte sech, hiert Kand zu all Moment ofzehuelen, falls et ee Fall vu Covid-19 wärend dem Weekend sollt ginn.
- Wann d’Aktivitéit méi wéi 2 Nuechten dauert, muss all Participant vum zweeten Dag un e weidere Schnelltest maachen (all Dag gëtt en aneren Deel vun de Participante getest). Falls e Schnelltest wärend der Aktivitéit positiv ass, muss de Weekend oder Camp ofgebrach ginn.
Sanitärt Konzept:
- Fir Aktivitéite mat Iwwernuechtung muss e sanitärt Konzept opgestallt ginn, wat folgend Punkte berécksiichtegt :
- Wéi vill Participanten huelen un der Aktivitéit deel a wéi si se an Ënnergruppen opgedeelt.
- Wie schléift am selwechten Dortoir oder Zelt.
- Wie sëtzt um selwechten Dësch.
- Ee Chef muss responsabel si fir d’Schnelltester ze maachen an am Fall vun engem positive Resultat dëse bei der Direktioun vun der Santé ze mellen.
Mir soen iech e grousse MERCI fir äert Engagement, är Flexibilitéit an ären Asaz.
Marc WEIS an Angélique KRIER, TEAM
David HECK, LGS-Dokter
|