|
D'Cheffe wäerte mat hire Kanner a Jonken auswielen, wéini a wéi laang si wéie Sport maache wëllen (Schwammen, Tauchen, Klammen, Breakdance, Dodgeball, Ënnerwaasserrugby, ...).
Pro Stonn Beweegung kënnen eis Memberen sech sponsere loossen. Déi gesammelt Sue gi fir de gudden Zweck gesammelt a ginn integral op eise Scouts-Projeten am Ausland agesat. Dëst sinn eis RaRo-"Odysseeën".
Vu dass dëst e grousst Evenement fir déi iwwer 5000 Membere vum Verband mat all senge Branche wäert sinn, si mer fir d'Organisatioun drop ugewisen, eng graff Schätzung vun der Unzuel Participants ze hunn.
Mat dësem Formulaire kënnt dir eis matdeelen, ob Äre Grupp am Prinzip derbäi ass: |