Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Juli 2020

1. Schnelltester fir d'Campen

2. Hygiène-Material fir d'Campen

3. Congé jeunesse - Rapport vum Camp

4. Kaartespiller, Portrait vum Chefscout

5. Covid-19 Update


1. Schnelltester fir d'Campen

 

Léif Campcheftaine, léiwe Campchef,

 
D'Schnelltester, déi den SNJ fir d'Campen zur Verfügung stellt, kann een ouni RdV zu Walfer am Depot vum SNJ vu Méindeg bis Freideg tëscht 8 a 17 Auer ofhuele goen. Dir braucht just den Accord fir de Camp virzeweisen (wou d'Refenznummer vum Camp drop steet).
 
Oppassen! Dir kënnt d'Schnelltester fréistens eng Woch virum Camp siche goen.
 
Fir weider Informatiounen, kënnt dir iech iwwer prets@snj.lu mellen.

 

2. Hygiène-Material fir d'Campen

 

Wann s du fir däi Camp/Weekend Masken an Desinfektiounsmëttel brauchs, kanns du dech per Mail mat der Unzuel vun de Participante vun denger Aktivitéit op hygiene@lgs.lu mellen. Mir stellen dir dann ee Pak fir däi Grupp zesummen a soen dir Bescheed, wéini s du et an d’Geisserei kanns siche kommen.

hygiene@lgs.lu

3. Congé jeunesse - Rapport vum Camp

 

Et hunn eng Partie Chef/taine a Mataarbechter de Congé jeunesse fir d'Summercampen ugefrot. Fir d'Demanden ze komplettéieren, mussen si de Certificat de participation vum Verband kréien.

 

De Verbandssekretariat kann dëse Certificat ausstellen, wann de Campchef/taine d'Presenz am Formulaire Rapport iwwer de Camp bestätegt.

Dofir denkt w.e.g. drun nom Camp de Rapport auszefëllen, woubäi d'Nimm vun de Chef/tainen a Mataarbechter, déi Congé jeunesse ugefrot hunn, sollen net vergiess ginn!

Rapport iwwer de Camp

4. Kaartespiller, Portrait vum Chefscout

 

Rappel

Et leien nach Kaartespiller fir verschidde Gruppen am Verbandssekretariat, déi dir beim Lagerfeier um Camp gutt kéint gebrauchen. All Grupp huet no Memberszuele Kaartespiller zu Gutt. De Gruppechef ka sech am Verbandssekretariat fir weider Infoe mellen.

Et sinn och nach d'Portraite vum Chefscout, déi d'Gruppe bestallt hunn, am Verbandssekretariat ofzehuelen.


5. Covid-19 Update

 

Déi aktuellst Informatioune fannt dir ëmmer um LGS Site ënner Covid-19, wéi och d'Attestation de consentement, déi d'Eltere mussen ausfëllen.

Covid-19

Eng Covid-Update Newsletter wäert nach nächst nokommen!

Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken