LGS Verbandssekretariat - Rentrée 2021/2022 |
| |
1. Accès Memberfichier /Accord Gruppechef
D'Lëscht vun de Benotzer vum Memberfichier soll all Joer aktualiséiert ginn. Fëllt w.e.g. de Formulaire "Memberfichier - Ufro fir en Accès" aus. Wa keng Ännerunge sinn, mussen d'Benotzer, déi schonn en Accès hunn, de Formulaire net ënnerschreiwen. Wa Wiessel ass, soll d'Persoun, déi en neien Accès kritt, de Formulaire w.e.g. ënnerschreiwen.
Schéckt de Formulaire w.e.g. bis de 15. Oktober un d'Verbandssekretariat.
|
| |
2. Nei Funktioun beim Accord vum Gruppechef/taine
Wéi dir scho sécher matkritt hutt, si puer Ännerungen an der Chefbox geschitt. Beim Accord vum Gruppechef/taine ass och eng nei Funktioun dobäikomm.
De Gruppechef/taine kann eng Demande fir eng Ernennung oder Camp- a Weekendumeldungen weiderhinn accordéieren oder refuséieren. Mee et ass elo och méiglech, datt de Formulaire un de Kandidat / resp. Chef/taine zréckgeschéckt gëtt, fir verbessert ze ginn.
De Gruppechef/taine kann net méi an der Mail, déi hien/hatt no der Umeldung kritt, d'Knäppchen drécken, mee hien/hatt gëtt iwwer ee Link an d'Inbox weidergeleet. Hei fënnt een d'Knäppchen fir z'accordéieren/refuséieren oder zréckzeschécken (revert).
Beim Refus a Revert muss de Gruppechef/taine ëmmer eng Nott hannerloossen, déi de Kandidat / resp. Chef/taine per Mail geschéckt kritt.
Wann eppes net géif klappen oder weider Froen, kënnt dir iech am Sekretariat oder bei der PR-Ekipp mellen.
Wann de Poste vum Gruppechef/taine duerch eng aner Persoun besat gëtt, denkt drun den GC-Accord fir dës Persoun unzefroen. Dat geet iwwer de Formulaire "GC-Accord". |
| |
3. Demande fir eng Ernennung / Ufro fir Paddelen
Et gëtt nëmmen nach e Formulaire fir eng Ernennung unzefroen. An dësem Formulaire ass d'Demande fir eng Erneierung mat integréiert. Dir fannt de Formulaire ënner Chefbox/Formulairen/ Demande fir eng Ernennung.
De Formulaire ka just de Chef/taine selwer ausfëllen. Fir eng Ernennung als Assistent Chef/taine hu missen d'Kandidaten eng Kopie vun der Formatiounskaart an de Rapport vun enger gréisser Aktivitéit matschécken.
Vun dësem Joer u gëtt d'Formatiounskaart net méi. All Datumer (Sortie, Weekend, Camp) mussen am Formulaire ugi ginn. D'Formatiounen (TroCo, PS, STIP) sinn am Memberfichier ze fannen. Wann de Gruppechef säin Accord gëtt, bestätegt an engems dës Donnéeën. Dofir kuckt ëmmer no, datt d'Datumer richteg sinn.
De Rapport vun enger gréisser Aktivitéit ass och an der Demande integréiert. De Kandidat kann awer och en eegent Dokument matschécken. Dir als Gruppechef/tainë sollt w.e.g. als éischt Instanz kontrolléieren, ob de Rapport richteg ausgefëllt ass oder keen eidelt Dokument matgeschéckt gouf. |
| |
Ufro Paddelen
Et gëtt verschidde Méiglechkeete Paddele fir eng Erneierung vun enger Ernennung ze sammelen. Ausser de vum Verband ugebuedenen Aktivitéiten, kann ee Paddele kréien, wann ee bei nationalen Aktivitéiten/Campen am STAFF matgeschafft huet. Dir kënnt awer am Grupperot eng Formatioun maachen an dofir Paddelen ufroen oder fir eng B.A. Aktioun.
Eng Formatioun bei enger anerer Organisatioun, wéi 1. Hëllef Cours, kann och als Paddel-Aktivitéit ugefrot ginn.
Et gëtt ee Formulaire, wou een dës Aktivitéiten als Paddel-Aktivitéit ufroe kann. Är Demande geet direkt un de Formatiounscommissaire, deen decidéiert, wéi vill Paddelen ee kritt.
Gëff dës Informatioun och un är Chef/tainë weider an notzt dës Geleeënheet fir Paddelen ze sammelen. |
| |
4. Nei Memberen umellen
Wéi all Joer kommen zum Ufank vum Guiden a Scoutsjoer vill nei Memberen dobäi. Hei muss opgepasst ginn (wéinst der Assurance), datt all Kand a Chef/taine, Mataarbechter, dee un engem Weekend oder anerer Aktivitéit deelhëlt, am Memberfichier agedroe gëtt.
Fir datt et esou gutt wéi méiglech klappt, hu Branchechef/tainen d'Méiglechkeet een Accès op de Memberfichier ze kréien. Si kënnen dann iwwerpréifen, ob all Participant am Memberfichier schonn dran ass.
Fir en Accès unzefroen, fëllt de Formulaire "Memberfichier - Ufro fir en Accès" aus. |
| |
5. Cheflogin
Fir all Member, deen am Memberfichier mat enger Cheffunktioun ugemellt gëtt, gëtt direkt ee Cheflogin gemaach.
Fir datt de Cheflogin funktionéiert, muss bei der Persoun eng aktuell E-mail Adress agedroe ginn. De Chef/taine muss säi Login selwer aktivéieren, andeems hien/hatt de Passwuert vum Login zrécksetzt.
Et ass wichteg, datt bei all Stagiär-Chef/taine am Memberfichier d'Cheffunktioun agedroe gëtt, soss kënnen si sech net fir d'Formatioun umellen a kréie keng Newsletter.
Et ass net méi méiglech, datt de Gruppechef/taine en anere Chef/taine fir d'Formatioun umellt bzw. Formulairë fir si ausfëllt.
Dofir kontrolléiert w.e.g., ob bei all Chef/taine d'Cheffunktioun agedroe ginn ass an eng aktuell E-mail Adress dobäisteet.
Op dëser Säit fannt dir méi Informatiounen zum Cheflogin: |
| |
6. Kotisatioun
De Kotisatioun bleift fir d'Joer 2022 15€ an 12€. D'Kotisatioun gëtt ëmmer fir d'Finanzjoer bezuelt, dat heescht vu Januar bis enn Dezember.
Wann an enger Famill méi Kanner am Grupp ugemellt sinn, bezilt dat eelst Kand 15€ an all déi aner 12€, esou laang si keen eegent Akommes hunn. Wann d'Elteren och Member sinn, bezuelen si 15€.
0€ kann bei Persounen agedroe ginn, déi an engem anere Grupp schonn ugemellt sinn an do d'Kotisatioun bezuelen.
Wa Persounen mat der Status vu Demandeur de protection internationale am Grupp ugemellt ginn, iwwerhëllt d'Fondatioun fir si d'Kotisatioun. An dem Fall kann och 0€ bei der Kotisatioun stoen. De Grupp soll eng Lëscht vun de betreffende Persounen un d'Verbandssekretariat schécken.
D'Kotisatioune sollen bis Dezember am Memberfichier à jour gesat ginn. D'Rechnung gëtt am Januar verschéckt. |
| |
7. Assurance/Casco 2022
De Verband huet 3 verschidden Assurancen.
D'Haftflicht RC bezilt all Member mat der Kotisatioun.
Vun der staatlecher Onfallversécherung (AAA - Association des Assurances Accident) sinn all Memberen, souwäit se an d’Schoul ginn oder als Chef/taine ugemellt sinn, verséchert.
Fir all aner Member gouf eng privat Onfallversécherung bei
„La Luxembourgeoise“ ënnerschriwwen. CaraPio, RaRo, déi eng Léier maachen, musse fir d'AA am Memberfichier ugemellt ginn. Albatrossen, déi net als Chef/taine ugemellt sinn a Mataarbechter kënne vun der AA profitéieren. Dat soll och am Memberfichier agedroe ginn ënner "Lëschten".
D’LGS hunn eng Casco-Assurance. Den Termin fir bei eiser Casco-Assurance (1.1.–31.12.) matzemaachen ass den 1. Dezember. No dësem Delai gëtt kee méi op d’Lëscht dobäigeschriwwen!! D’Primm vun der Assurance ass 10€, déi un d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerwise gëtt (BILLLULL LU96 0029 0100 0002 3100). Wann de Grupp fir Chef/tainë de Casco bezilt, soll eng Lëscht vun de Persounen un d'Verbandssekretariat geschéckt ginn.
|
| |
8. Umeldung Chefdag
E klenge Rappell fir d'Umeldung fir de Chefdag.
Et ass ëmmer nach méiglech sech fir de Chefdag unzemellen. D'Umeldung ass individuell, all Chef/taine muss sech selwer umellen.
Informatiounen iwwer de Programm an Oflaf fannt dir an der Chefbox.
Mir freeën eis iech um Chefdag erëmzegesinn! |
| |
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
| |
|