[UPDATE] LGS Newsletter - Kongress & Chefdag

1. RAPPEL: Umeldung fir de Verbandskongress 2021

2. RAPPEL: Umeldung fir de Chefdag 2021

3. Atelieren Chefdag

Hei kënns du bei all d'Informatiounen a bei den Umeldungsformulaire fir de Kongress/Chefdag

1. RAPPEL: Umeldung fir de Verbandskongress 2021

Léif Cheftainen a Chef,

Mir erënneren iech drun, dass dir iech nach fir de Verbandskongress 2021 dëse Samschdes, den 18. September am Stade Josy Barthel, kënnt umellen.

Ernannte Chef/tainen déi fir de Kongress verhënnert sinn, kënnen an der Chefbox de Formulaire fir eng Procuratioun ausfëllen.

Denkt och drun iech de Kompass mam Aktivitéitsrapport vum Guiden- a Scoutsjoer 2020/2021 unzekucken, souwéi de Finanzrapport, deen dësst Joer a Form vun engem Video am Virfeld vum Kongress publizéiert gouf.

All weider Infoen zum Kongress fannt dir an der Chefbox, andeems dir op de Knäppchen an dëser Mail klickt.

Falls dir den Dag vum Kongress verhënnert sidd an nët kënnt deelhuelen, kënnt dir iech och de Livestream an der Chefbox ukucken. De Link wäert am Laf vum Samschdeg Nomëtteg Online goen.

Mir freeën eis elo schonn, iech zu ganz vill erëmzegesinn.

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

David Heck (Administratiounscommissaire)
Angélique Krier a Marc Weis (Team)


2. RAPPEL: Umeldung Chefdag 2021

Léif Cheftainen a Chef,

Mir, d’Ettelbrécker Scoute vum Grupp Saint-Sébastien Ettelbréck, si frou iech dëse September um Chefdag zu Ettelbréck begréissen ze dierfen.

Eigentlech wollte mir dat schonn 2020 maachen. 2020 war nämlech d’Joer vun eisem 100. Anniversaire! Mir haten och flott gestart mat enger schmasseger Séance académique (méi Détailer hei), goufen dunn awer leider ausgebremst…

De Chefdag ass e Sonndeg, de 26. September 2021, an den Däichwisen, direkt niewent der Däichhal zu Ettelbréck.

All d’Aktivitéite vum Chefdag sinn dobaussen. Duerfir: «Be prepared!» Dot iech u fir e ganzen Dag bei all Wieder an enger Wiss ënnerwee ze sinn. 

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt: Moies gëtt et Kaffi a Croissant. De ganzen Dag iwwer sinn Iess- a Gedrénksstänn fir iech do.

All d'Informatioune ronderem de Chefdag souwéi d'Umeldung fannt dir an der Chefbox iwwert de Knäppchen an dëser Mail.

Mir freeën eis op Iech,

de Grupp Saint-Sébastien Ettelbréck


3. Atelieren Chefdag

Vun 10 Auer un leeft zu all voller Stonn eng Hellewull un Atelieren. Déi daueren all Kéier eng gutt Dräivéirelstonn, sou datt duerno eng kleng Paus drann ass, an s du dech op de Wee fir den nächsten Atelier maache kanns.

Ufank vun den Ateliersronnen: 10 Auer, 11 Auer, 12 Auer, 13 Auer, 14 Auer a 15 Auer (w.e.g. pünktlech sinn). De Chefdag ass um 16 Auer riwwer.

Bei all Tour ginn ënnerschiddlech Atelieren ugebueden. Jee no Workshop kënnen 10 bis 20 Leit deelhuelen. Mir hunn dës Form gewielt well se eis engersäits am Covid-sécherste geschéngt huet, an et e permanent Ëmplange verhënnert huet.

An der Chefbox fënns du d’Lëscht mat den Atelieren, déi um Chefdag ugebuede ginn, souwéi déi jeweileg Auerzäiten, sou kanns du dir däi Menu du Jour da méi genee zesumme setzen. Du muss dech net fir d’Atelieren umellen. Et besteet awer d’Méiglechkeet sech eng Plaz zu engem gewësse Moment an engem bestëmmte Workshop ze réservéieren: einfach um Chefdag selwer sech um Stand fir eng gewëssen Auerzäit aschreiwen.

Hei kënns du bei all d'Informatiounen a bei den Umeldungsformulaire fir de Kongress/Chefdag
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken