Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Oktober 2021

1. Formatioun zum Thema Matbestëmmung & Participatioun

2. Simply ScOUTing

3. Finally: Curtain up!

4. Adventskalenner vun der ONGD fir d'Gruppen

5. Opruff: Young Delegates

6. Opruff: WAGGGS Advocacy Champion

7. Welt Kaffi vun der Gruppenekipp

8. Save the date - Programm vun der Ekipp EAS 2021/2022

9. Formatioun Animateur spirituell

10. NuetsFunkRaid - Master Edition

11. Opruff Archiven


1. Formatioun zum Thema Matbestëmmung & Participatioun

 

05. Februar 2022

Am klengen Chalet um Neihaischen

Wat ass Participatioun eigentlech?

Fir wat ass Matbestëmmung wichteg?

Wéi eng Plaz huet Politesch Bildung bei den LGS?

Wat fir eng Haltung brauch ech fir participativ schaffen ze kënnen?

Wat fir Methode kënne Matbestëmmung och scho bei deene ganz Jonke fërderen?

Participatioun baséiert op dem Usproch an dem Recht vu jidderengem, Entscheedungen an Ugeleeënheeten, déi dat eegent Liewen an d’Liewen an der Gemeinschaft betreffen, mat beaflossen a mat bestëmmen ze däerfen.

Nom Prinzip “Ask the boy, ask the girl” vum B.-P. ass d’Iddi vun der Participatioun fest am Scoutismus verankert. Dat aktiivt Abrénge vun deene Jonken duerch Participatioun, erméiglecht a fërdert fräiwëlleg Ergreifung vun Initiativen, perséinlecht Engagement an Verantwortungsgefill vis-a-vis vun sech selwer, dem aneren an dem ganze Grupp. Et sinn déi Jonk vun haut, déi d’Entscheedunge vu Muer treffen, an duerch d’Méiglechkeet matzeschwätzen, matzegestalten an matzebestëmmen,  kënne mir si op hirem Wee zur Selbstbestëmmung begleeden an ënnerstëtzen.  

Zesumme mam Zentrum fir politesch Bildung proposéiere mir iech dës Formatioun bei der mir eis zesummen zu dëse Froen an Themaen Gedanke maachen an zesumme mat iech diskutéiere wëllen.

Ween sinn Ech? 

Mäin Numm ass Liz an ech schaffen zënter Mëtt Juli an der Géisserei.

Bei den LGS ass meng Aufgab d'Participatioun an d’Matbestëmmung bei de Guiden a Scoute scho vu Klengem un op lokalem wéi op nationalem Niveau ze stäerken an ze fërderen.

Ech wëll iech bei äre Projeten an dësem Beräich ënnerstëtzen an zesumme mat iech flott an interessant Iddien ausschaffen, déi dozou féiere kënnen, dass Matbestëmmung am Guiden- a Scouts-Alldag bewosst gelieft a praktizéiert gëtt, sou wéi d'Resolutioun déi um leschte Kongress gestëmmt ginn ass, et fuerdert.

Dofir zéckt net iech bei Froen, Projetsiddie fir äre Grupp, oder fir en Austausch ronderëmt Thema Matbestëmmung bei mir ze mellen.

Ech freeë mech op eng flott Zesummenaarbecht mat iech all,

Liz

liz.feinen@lgs.lu

Tel. 26 94 84 36

Umeldung fir d'Formatioun

2. Simply ScOUTing

Och dëst Scoutsjoer bidde mir iech d‘Méiglechkeet, mat enger Branche aus ärem Grupp op Neihaischen ze kommen, fir do wärend 3 Stonne Programm zum Thema "Simply ScOUTing" mat äre Jonken z‘erliewen.

Umelle kënnt dir iech hei: marlen.oldenburg@lgs.lu

Et sinn nach e puer Plaze fräi. Weider Detailer fannt dir am Flyer:

Flyer Simply ScOUTing

3. Finally: Curtain up!

 

Concert donné au profit de l’ONGD «Guiden a Scouten fir ENG Welt»

 

De 17. Oktober 2021 17 Auer gëtt d'Musique Militaire Grand-Ducale an der Philharmonie ee Concert. Mat dem Profit vun dësem Concert gi Projete vun der ONGD «Guiden a Scouten fir ENG Welt» a Senegal, Niger an a Bolivien ënnerstëtzt.

Tickets: philharmonie.lu / 26 32 26 32

Flyer Concert

4. Adventskalenner vun der ONGD fir d'Gruppen

 

D'ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt schenkt en Adventskalenner iwwer d'Kannerrechter fir all LGS Grupp, déi et wëll.

Dëse Kalenner ass geduecht, fir all Biber, Wëllefcher an Avex, fir datt si sech iwwer d'Kannerrechter bewosst ginn.

All Gruppechef, deen interesséiert ass, kann sech beim Viktoria mellen

 

virum 8. November

 

mat der gewënschter Unzuel sou datt d'Kalennere prett si fir de Samschdeg 27.11!

Kalenner bestellen

5. Opruff: Young Delegates

 

Bass du tëschent 18 an 22 Joer al? Schwätz du gäre Friemsproochen? Wëlls du méi iwwert déi international Welt vum Scoutismus kenneléieren?

MIR SICHEN DECH FIR DEI 2. EDITIOUN VUM YOUNG DELEGATE PROGRAMM!

Als international Ekipp vertriede mir d’LGS bei WAGGGS a WOSM, deenen 2 grousse Weltverbänn. Op der anerer Säit implementéiere mir d'Virsätz vun deenen zwee Verbänn och hei am Land. 

Wat maachen ech konkret als YD ?

  • Du representéiers d'LGS bei internationalen Evenementer a bass déi jonk Stëmm aus Lëtzebuerg.
  • Zesumme mat den aneren YD bereets du dech op International Evenementer vir.
  • Du participéiers an eise Versammlunge (4-5 am Joer) physesch oder via Skype.
  • Du ziels deng Erfarunge weider: Sief et iwwer eis Sozial Medien (Facebook) oder iwwer Artikelen um Platte Knuet oder LGS-Site.

Wat bréngt mir dat ?

  • Du hues d'Chance fir aktiv u globalem Scoutismus deelzehuelen an en Ënnerscheed ze maachen.
  • Du kanns Frënn aus der ganzer Welt fannen a stäerks deng interkulturell Fäegkeeten.
  • Du sammels international Erfarung.
  • Du kriss Erfarung an der Entwécklung an der Implementatioun vu Projeten.
  • Du schléiss Kontakter am LGS selwer.
  • Du kriss méi Kenntnisser iwwert d'Aktivitéiten an d'Prozesser vun de Weltverbänn a vun den LGS.
  • Du kanns deng Sproochekenntnisser benotzen.

Wat muss ech hunn ?

  • Alter: tëscht 18 an 22 Joer (01.01.2021) (ERRATUM: 01.01.2022)
  • Motivéiert – Engagéiert – Flexibel -  Interesséiert – Teamwork
  • Gutt Kenntnisser am Engleschen

Wat Kascht et ?

0€!

Jo, du hues richteg gelies, d'Participatioun an d'Reesen op international Evenementer an d'Versammlungen gi ganz vun eis iwwerholl.

Wou mellen ech mech ?

Umeldung fir Young Delegate

6. Opruff: WAGGGS Advocacy Champion

 

Wat ass een Advocacy Champion? 

All Guide, déi tëschent 18 a 30 Joer al ass, kann sech fir Advocacy Champion ze ginn, mellen. Et ass eng eenzegaarteg Geleeënheet sech fir d'Rechter vu jonke Meedercher a Fraen, an der Geschlechtergläichheet op lokalem, nationalen an internationalem Level anzesetzen.

An der Roll vun engem Advocacy Champion huet eng Chance WAGGGS op verschiddene globalen Eventer ze vertrieden, an awer och fir un der 66th Commission on the Status of the Women (CSW) vun der UN deelzehuelen.

Wat erwaart mech? 

  • All Advocacy Champion hëlt op d'mannst un engem, maximal un 2 globalen Eventer deel. An all Champion hëlt un der CSW deel.
  • WAGGGS bitt eng Formatioun un, wou een alles léiert, wat ee fir seng Roll brauch a kritt Ënnerstëtzung wärend der ganzer Zäit.
  • Du léiers, wéi s de de gréisste Jugendmouvement op globalem Level representéiere kanns, wat och herno am professionellem Liewe ganz hëllefräich ka sinn.

Wat muss ech hunn? 

  • Eng Guide tëschent 18 an 30 Joer sinn
  • Gutt Kenntnisser am Engleschen. Aner wichteg Sprooche bei WAGGGS si Franséisch, Spuenesch an Arabesch.
  • Et verflicht een sech iwwer een Zäitraum vun 18 Méint
  • Motivatioun, Flexibilitéit an Zäit ;)

Wéi kann ech mech mellen?

  • Schreif eng E-Mail mat dengem Scouts CV a Motivatioun, wisou du WAGGGS Advocacy Champion wëlls ginn op ic.wagggs@lgs.lu
  • Wichteg ze wëssen: D'Auswal vum Advocacy Champion mécht WAGGGS, mir ënnerstëtzen dech bei denger Umeldung, mee déi endgëlteg Decisioun hëlt WAGGGS.

 Méi genee Informatiounen iwwer alleguerten Opportunitéiten a Responsabilitéiten als Advocacy Champion fënns du am Dokument heirënner: 

 

Site Advocacy Champion WAGGGS
Dokument Advocacy Champion

7. Welt Kaffi vun der Gruppenekipp

 

Den 22.Oktober 2021 organiséiere mir zu Nidderaanwen eng Renconter. Dës ass ganz op d’Zukunft ausgeriicht. Hei kënnt dir:

  • an Atelieren de Grupp 2045 erfannen,
  • den Nohaltegste Grupp opbauen
  • an Iddien austauschen iwwert «en Grupperot mol anescht».

Mir freeën eis op däi Kommen an hoffen, dass vill Chef/tainen aus de Gruppe matkommen. Eis Renconter ass fir all Chef op. 

 

Flyer Welt Kaffi

8. Save the date - Programm vun der Ekipp EAS 2021/2022

 

Fir dat neit Scoutsjoer huet d’EAS erëm en ofwiesslungsräiche Programm unzebidden. Hei en Iwwerbléck wat alles esou leeft.

Flyer Programm EAS

9. Formatioun Animateur spirituell

 

Nodeems am leschte Joer 3 Cheffen hir Ernennung als Animateur spirituell kruten, bidde mir och dëst Joer erëm dës Formatioun un. Si besteet aus:

  • 1 verlängerte Weekend  (hei läit de Schwéierpunkt op Austausch an Erliewen.)
  • 1 Themateschen Owend  (Uneegne vun engem Grondwëssen)
  • Plangen an Ausféiere vun enger spiritueller Aktivitéit (Methoden, Dokumentatioun..)

De Weekend fënnt vum 19.- 21. November statt.

Du hues Loscht Animateur spirituell an dengem Grupp ze ginn, da mell dech  iwwert d’Formatiounsportal un.

Umeldung
Flyer Formatioun AS

10. NuetsFunkRaid - Master Edition

 

Cooperatioun LGS / SNJ
08.-09. Januar 2022

Wat ass dat?

• Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass)
• Crashcours a Funk-Kommunikatioun
• Orientatiounslaf an Equippen vun owes bis moies mat Funkguidage
• Gruppenchallenge an Equippe vu 4 Leit
• En Erliefnis, wat hänke bleift

Wou: Meetingpoint ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, „Spillwiss“ ass d’Eisléck
Wéini: vum 08. op 09. Januar 2022
Timing: Ufank zu Ierpeldeng : Samschdes, de 08. Januar 15.00 Auer
Schluss zu Ierpeldeng: Sonndes, de 09. Januar 12.00 Auer
Fir ween: all Chef, Albatrossen, Raro, a Carapio vu 16 (14) Joer un
Präiss: 35 €
Numerus Clausus: am ganze 48 Leit

Umellen: bis den 27. Dezember 2021 per Mail un 

nuetsraid@lgs.lu

Onbedengt uginn: Numm, Matricule, Adress, Telefonsnummer,
Email-Adress, Grupp, Branche, Chef Jo/Nee

Bei Truppenumelldung: w.e.g. eng eenzeg Lëscht mat dësen Donneeën eraginn.

Weider Detailer: komme no der Umelldung no.
Formatioun: Dëse Nuetsraid gëtt fir Cheffen als Recyclagemodull ( 2 Paddel) unerkannt

An dann nach:

- de Nuetsraid ass bei all Wierder
- dëse Nuetsraid gëtt COVIDgerecht organisiéiert, et kann also villes
aanescht si wéi soss déi Joeren.

Georges Faber (Fabi)
georges.faber@lgs.lu


11. Opruff Archiven

 

Den "LGS Archiv" an der Géisserei gëtt Ament opgeschafft. Wärend der Aarbechten ass et opgefall, datt ganz vill Dokumenter vum Verband feelen.

 

Et gi Methoden vun all Joerzéngte bis elo gesicht. Dokumenter, wéi Rapporten vum Comité (comité directeur fréier), Rapporte vun de Branchenekippen an aneren Ekippen asw. gesicht!

 

Wann s du selwer esou Dokumenter doheem leie hues oder ee kenns, deen Dokumenter versuergt huet, kontaktéier eis.

Mir wäre froe, wann d'Historique vun den LGS, LS, LG an den Archive méi komplett kéint ginn.

 

sekretariat@lgs.lu
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken