Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Dezember 2020
UPDATE COVID-19 Restrictiounen

Dës Recommandatioune gëlle fir all Versammlungen, Sortien, Weekender a Campen déi nom 14. Dezember 2020 organiséiert ginn.

Update Restrictiounen
d'Géisserei ass wärend der Chrëschtvakanz zou

Mir wollten iech informéieren, datt d'Büroe vun der Géisserei vum 21. Dezember 2019 bis den 03. Januar 2020 zou sinn.

Vum 04. Januar un si mir wéi gewinnt fir iech do.

D'Ekipp aus der Géisserei wënscht iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer.

Congé LGS Shop

Den LGS-Shop by Lessure an der Origerstrooss op der Gare léisst iwwert d'Chrëschtdeeg an Neijoerschdag seng Diere vu Sonndeg, den 20. Dezember 2020 bis Sonndeg, den 3. Januar 2021 inclus zou. Duerno ass de Shop nees zu senge gewinnten Zäiten op.

Reminder: Friddensliicht 2020

Dir kënnt iech nach fir d'Friddensliicht op deene verschiddene Verdeelerpunkten umellen: Umeldung & Informatiounen: News | Friddensliicht D'Friddensliichtfeier wäert dëst Joer gefilmt ginn, fir d'Unzuel u Leit sur place sou kleng wéi méiglech ze halen. Mir stellen iech dëse Film op eisem Internetsite ënnert lgs.lu/friddensliicht ab dem 24. Dezember 2020 zur Verfügung.

COVID-konform Spiller

A folgendem Dokument fannt dir Spiller, déi een an der aktueller COVID Pandemie dobaussen a mat den néidegen Hygiènesbëstemmungen (Mask an Distanz) gutt spille kann: Dokument Corona-Spiller
Fir eng Rei vun de Spiller kënnt dir och „Schwammnuddelen“ gebrauchen, fir esou ëmmer d’Distanz kënnen anzeschätzen.
Dës Schwammnuddele kritt dir mam néidege Material um Neihaischen ausgeléint.
Iwwert neihaischen@lgs.lu kënnt dir Schwammnuddelen an d’Material fir d’Spiller ausléinen.

Aner flott Iddie fann dir an eiser d’Aktivitéitsbox an der Chefbox. déi sech no an no och ëmmer méi wäert fëllen. Dir kënnt uewen e Filter setzen (bei “Typ”) an iech alleguer eis “COVID-konform” Aktivitéiten uweise loossen.

Vill Spaass beim Spillen.

Spillsammlung vum Online-Spillworkshop

Den 28. November 2020 gouf en Online-Spillworkshop organiséiert. Zil war et de Cheftainen a Cheffen Iddie mat op de Wee ze ginn, fir hir Versammlunge komplett oder zum Deel Online ofzehalen. Hei fannt dir eng Zesummefaassung vun de Spiller, déi dir gäre fir är intern Zwecker benotzen dierft. Deemnächst wäerten dës Aktivitéiten och an der Aktivitéitsbox ze fanne sinn.

Spillsammlung
Opruff Gruppenekipp

De Programm „Grow“ oder „action pour la croissance“ vum Weltbüro gëtt ganz konkret.

Mir siche motivéierte Leit di sech mat dem Thema vum Wuesstum ausernee wëlle setzen: eng Strategie fir d’Zukunft fir de Wuesstem vun eise Gruppen auszeschaffen, d’Neigrënnung vu Gruppen oder wéi mir op nei Weeër kënne goen eis Memberszuelen ze vergréisseren.

Mat dem Zil eis fir d’Zukunft méi stabil opzestellen.

gruppenekipp.lgs.lu/dokumenter

Sidd dir interesséiert hei matzeschwätzen, da maacht eis eng Mail: klood.pirsch@lgs.lu oder lis.alberty@lgs.lu

Mir kucke fir eng Onlineversammlung op d’Been ze stellen.

Lis a Klood

En neie Cluni?
Kick-of Cluni
News vun der ASBL
Newsletter
Auswierkungen vun der CORONA-PANDEMIE op d'Jugendaarbecht
Fuerschungsprojet zu den Auswierkungen vun der CORONA-PANDEMIE op d'Jugendaarbecht an Europa
weider liesen..
Publikatioun vum Jugendrot

L'engagement bénévole au Luxembourg - Recommendations pour sa promotion et valorisation

De Jugendrot (CGJL), Daachverband vun de lëtzebuerger Jugendorganisatiounen, huet haut de Rapport vun enger Recherche iwwert de Engagement vu Benevolen zu Lëtzebuerg publizéiert.

An dësem Rapport kënnt der rausfanne wéi den "typeschen" Benevol zu Lëtzebuerg ausgesäit, wat Associatiounen déi e Benevolat ubidde vun hire Benevollen erwaarden, an och wat déi 28 Recommandatioune vun der CGJL si fir d'Valorisatioun an Promotioun vum Benevolat no virzebréngen.

De Rapport fannt dir hei: jugendrot.lu/documents

Neijoerschkaart
Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken