Auswierkungen vun der CORONA-PANDEMIE op d’Jugendaarbecht

An Zësummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg mécht Lëtzebuerg un enger EU-wäiter Studie iwwert den Impakt vu Corona op d‘Jugendaarbecht mat.

D’Studie adresséiert sech direkt u Jugendlecher (vun 16 Joer un) a Jugendresponsabeler (Cheffen).

Fuerschungsprojet zu den Auswierkungen vun der CORONA-PANDEMIE op d’Jugendaarbecht an Europa

Kolleegen a Frënn, déi an der Jugendaarbecht zu Lëtzebuerg an a ganz Europa engagéiert sidd! Hëlleft eis ze verstoen, wat d’Jugendaarbecht an dëser Zäit leescht a wéi d’Jugendaarbecht an dëser Zäit funktionéiert. Loosst eis e realistescht an nuancéiert Bild vun der Jugendaarbecht wärend der Corona-Pandemie zeechnen: d’Ënnerstëtzung, déi d’Jugendaarbecht de jonke Mënschen gëtt an d’Ënnerstëtzung, déi d’Jugendaarbecht brauch, och fir d’Zukunft. Huelt deel un eiser neier méisproocheger Ëmfro iwwert d’Jugendaarbecht: researchyouth.net/corona.

EN, D, F, L

Invitation Corona Survey Youth Work