Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Oktober 2022

1. Bestellung LGS Methoden 
2. Simply Scouting
3. Nohaltegkeetsdag
4. Formatioun: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen
5. Formatioun: OB S DU WËLLS ODER NET: DU BASS E POLITESCHE BILDNER! Politik an Ech.
6. Formatioun: Schwätz mat! Maach mat! Bestëmm mat!
7. LGS/SNJ NuetsFunkRaid 2023
8. Programm EAS 2023/2023
9. Opruff fir e neien nationalen Uspriechpartner bei den Albatrossen
10. LGS App fir Chef (Testphas)
11. Ännerungen zu den Ernennungen & Paddelen
12. Datumer vu Formatiounen 1ten Zyklus


1. Bestellung LGS Methoden
 
 
De 24. September 2022 goufen um LGS Kongress déi nei Methode presentéiert an dir sidd per Newsletter doriwwer informéiert ginn, dass dir iech dës ab elo an der Chefbox kënnt ukucken an eroflueden. Hei fannt dir nach eng Kéier de Link bei d’Methoden: 
LGS Methoden
Wéi versprach, wäerten d’Methoden dann och deemnächst am Pabeier-Format (DIN A5) ze kréie sinn. Fir dass mir awer ongeféier wëssen, wéi vill Methoden am Ufank verkaf ginn a mir net riskéieren, dass eis nei Methode schnell vergraff sinn, proposéiere mir iech, är Commande am Viraus via folgende Formulaire ze maachen:
LGS Methoden virbestellen

Ee Bichelche kascht 8,00€. Am beschten ass et wann dir eng Bestellung fir äre ganze Grupp maacht. 

Soubal d’Bichelcher do si kritt dir Bescheed gesot, dir kënnt dann är Bestellung an der Géisserei ofhuelen.

No dëser éischter Bestellung wäert d'Method weiderhin am Shop ze kafe sinn.


2. Simply ScOUTing

 

Fir de Simply Scouting sinn op folgenden Datumer nach Plaze fräi:

 

Die Wildnis ruft

· 19.11.2022, 10-16 Auer

Am Centre nature et forêt Burfelt

Et kann sech nach eng Biber Famill oder e Wëllefchersruddel umellen

---

· 10.12.2022, 10-16 Auer

um Neihaischen

Umeldung: cathy.kirsch@lgs.lu oder liz.feinen@lgs.lu

 

 

De Bësch am Wanter erliewen

· 21.01.2023, 10-16 Auer

Centre Ecologique "Holdaer" zu Dikrich

---

Outdoor Escape Games am Bësch

· 04.02.2023, 10-13 Auer

um Neihaischen

Umeldung: marlen.oldenburg@lgs.lu

 

 

Spiller am Bësch

· 04.03.2023, 10-16 Auer

am Centre nature et forêt Ellergronn

Hei ass nach Plaz fir e Grupp mat 10 Kanner/Jonker

---

Fit fir de Summer

· 27.-28.05.2023

Umeldung: tom.lahr@lgs.lu

Flyer eroflueden

3. Nohaltegkeetsdag

 

Samschdeg de 17. Dezember 2022

 Komm mat! 

 An huel Deel um 1. Nohaltegkeetsdag vun den LGS  

En Ofwiesslungsräichen Dag zum Thema Nohaltegkeet. Um Programm sti Visitte vun der Superdreckskëscht zum Thema Ëmgang a Verwäertung vu Ressourcen a vum Kass-Haff, wou mir en biologesch-dynamesch geféierten Haff kënne kenneléieren a mir eis mat hinnen iwwert hir ethesch, sozial a spirituell Iwwerleeunge kënnen austauschen.

Den Owesprogramm gesäit en Virtrag iwwert Nohaltegkeet bei de Guiden a Scoute Weltwäit vir, mat dono engem gemittlechen Owesiessen.

Méi Detailer an Umeldung:

Umeldung an Detailer

4. Formatioun: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen

 

De Centre national de prévention des Addictions proposéiert de Scoutscheffen eng 2-deeleg Formatioun.


Themaen:
1. "Basisformatioun zur Richtlinn fir den Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen" 
2. "Gespéichsféierung mat Jonken" (Übungen a Methoden)
 
Inhalt:
Wéi ginn ech mat Jonken ëm, déi legal an/oder illegal Droge konsuméieren?
Am éischten Deel beschäftege mir eis mat der Richtlinn (Kooperatioun tëscht CNAPA a SIL) zum Ëmgang mam Konsum vun Drogen. Zousätzlech ginn déi verschidde Substanzen méi am Detail erklärt.
An engem zweeten Deel sti Methoden an Übungen am Mëttelpunkt fir mat Jonken iwwer dëst Thema ze schwätzen. Dës sinn interaktiv opgebaut, fir déi Jonk esou fir dëst Thema ze sensibiliséieren an am Sënn vu preventive Botschaften, laangfristeg positiv Effekter z'erzilen. 
 
Wann dir déi zwou Formatiounen ofgeschloss hutt, kënnt dir Sensibiliséierungsmaterial bei eis ausléinen, fir d'Thema mat äre Jonken am Grupp unzeschwätzen.
 
Wéini:
· Samschdeg, den 22.10.2022 vu 9 Auer bis 13 Auer
· Samschdeg, den 12.11.2022 vu 9 Auer bis 13 Auer
 
Wou:
Um Cents bei der FNEL (61 a, rue de Trèves; L-2630 Luxembourg)
 
Mir starte Moies um 8.30 Auer mat Kaffi a Croissant :)
 
Wanns du an däi Grupp intresséiert sidd, da maach dech bäi well d'Plaze si begrenzt op 20 Participanten.
 
Denkt och drunn är Chefkaart erofzelueden!!! Mir scannen dës sur place, fir dass dir d'Formatioun unerkannt kritt.
 
Umelle kënnt dir iech hei:
Umeldung

5. Formatioun: OB S DU WËLLS ODER NET: DU BASS E POLITESCHE BILDNER! Politik an Ech

 

4. Mäerz 2023, 10h00 bis 17h00 Auer

Politik?! Demokratie?! Dat huet näischt mat mir ze dinn! Oder dach?

Mee wéi? Wat hues du mat politescher Bildung ze dinn? Wat ass dat iwwerhaapt? A wat heescht dat an der Praxis?

An dëser Formatioun entwéckels du Weeër, fir mat Kanner a Jugendlecher iwwer Politik a Gesellschaft ze diskutéieren an hinnen ze hëllefen hir Stëmm héierbar ze maachen, an dat besonnesch am Waljoer 2023.

Umeldung
Weider Infoe ginn et beim Liz: liz.feinen@lgs.lu  //  Tel. 26 94 84 36

6. Formatioun: Schwätz mat! Maach mat! Bestëmm mat!

 

13. Mee 2023, 10h00 bis 17h00 Auer

 
Du bass der Meenung, Jugendlecher a Kanner sollen am Grupp matschwätzen,
matgestalten a matbestëmmen? Da bass du hei genau richteg!   

Zil vun dëser Formatioun soll et sinn, mat dir zesummen Iddien a Methoden, wéi de Mini-Grupperot, konkret fir däi Grupp auszeschaffen, sou dass du dës direkt ëmsetze kanns. 
Umeldung
Weider Infoe ginn et beim Liz: liz.feinen@lgs.lu  //  Tel. 26 94 84 36

7. LGS/SNJ NuetsFunkRaid 2023
 

NuetsFunkRaid

MasterEdition

Cooperatioun LGS / SNJ

14/15. Januar 2023

 

Wat ass dat?

  • Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass)
  • Crashcours a Funk-Kommunikatioun
  • Orientatiounslaf an Equippen vun owes bis moies mat Funkguidage
  • Gruppenchallenge an Equippe vu 4 Leit
  • En Erliefnis wat hänke bleift!

Wou: Meetingpoint ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, „Spillwiss“ ass d’Eisléck

Wéini: vum  14. op de 15. Januar 2023

Timing:

·Ufank zu Ierpeldeng e Samschdeg, de 14. Januar 15.00 Auer

· Schluss zu Ierpeldeng : Sonndes, de 15. Januar 12.00 Auer

Fir ween: all Chef, Albatrossen, Raro, a Carapio vu 16 (14) Joer un

Präiss: 35 €

Numerus Clausus:  am ganze 48 Leit  

Umellen:bis den 02. Januar 2023 per Mail un  nuetsraid@lgs.lu

Onbedengt uginn:  Numm, Matricule, Adress, Telefonsnummer, Email-Adress, Grupp, Branche, Chef Jo/Nee

Bei Truppenumelldung: w.e.g. eng eenzeg Lëscht mat dësen Donneeën eraginn.

Weider Detailer:  komme no  der Umelldung no.

Formatioun:  Dëse Nuetsraid gëtt fir Cheffen als Recyclagemodull unerkannt.

An dann nach - de Nuetsraid ass bei all Wierder!

Georges Faber (Fabi)

georges.faber@lgs.lu

Umeldung

8. Programm EAS 2022-2023
 
Hei den Iwwerbléck vun onsem Programm fir dat kommend Scoutsjoer.
 
Klick op d'Bild
 
 

 


9. Opruff fir e neien nationalen Uspriechpartner bei den Albatrossen
 
 

D’Albatrosse si Membere bei den LGS, bilden awer keng eege Branche. Et gëtt dofir och kee Commissaire a keng Ekipp awer en nationalen Uspriechpartner fir d’Albatrossen an en Aarbechtsgrupp.

Si hunn e.a. folgend Aufgaben:

  • Kontakt mat den eenzelen Albatrosshickechten am Land an e.a. Presenz um Chefdag.

  • Kontakt mam Verband iwwer Froen, déi d’Albatrossen betreffen.

  • Organisatioun vum Albatrossentreff (1x am Joer zesumme mat enger lokaler Hickecht).

An de leschte Jore gouf sou z.B. d’Reglement iwwert d’Albatrossen bei den LGS ugepasst an och vum Comité an dem Verbandsrot ugeholl, et gouf um Programm geschafft an et hunn (zumindest virun der Pandemie) e puer Albatrossentreffen stattfonnt.

De Philippe Jeitz huet sech elo als nationalen Uspriechpartner zeréckgezunn, ass awer bereet sengem Nofollger am Ufank ze hëllefen.

Hues du Loscht dës Aufgaben z'iwwerhuelen oder am Aarbechtsgrupp Albatrossen matzeschaffen? Dann mell dech iwwer albatrossen@lgs.lu

Mat beschte Gréiss,

den AG Albatrossen


10. LGS APP fir Chef (Testphas)
 
No der kuerzer Presentatioun um Kongress geet eis LGS App fir Chef an hir éischt grouss Testphas. An der App fënns du de Moment deng Chefkaart mat dengen Ernennungen an dengem Chef-QR-Code.
D’App wäert KEEN Ersatz fir d’Chefbox ginn, se soll ee Mëttel gi fir eis d’Kommunikatioun méi liicht ze maachen a méi no un eise Cheffen ze sinn.
D’App gëtt et fir iOS an Android. Du kanns se an deene jeweilege Storen oder op https://chefbox.lgs.lu/app erof lueden. Mir sinn nach an der Testphas, d.h. et kënne Fehler optriede resp. et kënne falsch Informatiounen ugewise ginn. Feedback kënnt der gären op app@lgs.lu schécken.
App eroflueden

11. Ännerungen zu den Ernennungen & Paddelen

 

Deng Chefkaart fënns du an der Chefbox (Dashboard => Chefkaart) an an der LGS App. De giel Chefkaart (um Pabeier) ass net méi gëlteg a gëtt och net méi nei ausgestallt.

Nodeems mir um éischten Zyklus geschafft hunn, trieden ab dësem Joer e puer Ännerungen a Kraaft :

  1. Fir an der Zukunft Paddele kënnen ze sammelen, kënnt dir dëst just nach op de Verbandsaktivitéite maachen. Verbandsaktivitéite si Programmaktivitéiten a Formatiounen, déi vum Verbandsgrupp a senge Sateliten ugebuede ginn. Sou kritt de Chef méi oft d’Méichlichkeet, fir kënnen u Paddelen ze kommen. Dofir kritt een op all den Aktivitéiten, egal wéi laang se dauert 1 Paddel.
    Op dësen Aktivitéite gëtt de QR-Code (an der App, Chefbox oder erausgeprint) op der Chefkaart gescanned an d’Ännerunge ginn dann am Membersfichier agedroen. Dëst geet an der Testphas net automatesch, mee déi gesammelt Paddelen wéi z.B. um Chefdag sinn net verluer a ginn nach agedroen, dofir hutt w.e.g. Gedold bis se dra stinn) Dës Paddele brauch een dann net méi via e Formulaire unzefroen.
    D’Iddi hannert de Paddelen soll net nëmmen déi sinn, fir u Formatiounen deelzehuelen, mee fir och op Verbandsaktivitéiten ze goen an hei Iddie matzehuelen an och de Kontakt an den Austausch tëscht de Gruppen, resp. alleguer de Membere vum Verband ze stäerken.

  2. Déi zweet grouss Ännerung fir dëst Joer ass, datt keng Tronc Commune méi gehale ginn. D’Inhalter vum Tronc Commun ginn an déi jeweileg STIPe vun de Branchën integréiert. Dëst daueren dofir elo ee Stéckche méi laang. Fir déi, déi een Tronc Commun mussen nohuelen, kucke mir mat deene betraffene Kandidaten wéi eng Deeg vum jeweilege STIPen a Fro kommen, fir datt d’Kandidaten hiren 1ten Zyklus awer ofschléisse kënnen.

  3. Fir deen administrativen Opwand ze reduzéieren, brauch een d’Verlängerung vun der Ernennung net méi unzefroen. Ufank September (dann 2023) gëtt d’Ernennung automatesch opgrond vun de gesammelte Paddele verlängert. Dëst gëllt NET fir eng nei oder zousätzlech Ernennug, déi muss weiderhin an der Chefbox ugefrot ginn.

  4. Ass meng Ernennung allerdéngs ofgelaf, gëtt se bei der Umeldung op enger Verbandsaktivitéit mat deem Paddel, deen ee jo dann op där Aktivitéit kritt, bis deen nächste Kongress verlängert.

D’Ännerunge kommen nach an engem separaten Artikel am Desk an d’Chefbox.


12. Datumer vu Formatiounen 1ten Zyklus

 

D’Umeldunge fir d’STIPen an d’PS-Weekender sinn online an dir kënnt eech elo umellen.

Umeldung
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken