17
2022
Dec

Nohaltegkeetsdag – 17.12.2022

Komm mat! an huel Deel um 1. Nohaltegkeetsdag vun den LGS.

En Ofwiesslungsräichen Dag zum Thema Nohaltegkeet. Um Programm sti Visitte vun der Superdreckskëscht, zum Thema Ëmgang a Verwäertung vu Ressourcen, a vum Kass-Haff, wou mir en biologesch-dynamesch geféierten Haff kenne léieren a mir eis mat hinnen iwwert hir ethesch, sozial a spirituell Iwwerleeunge kënnen austauschen.

Den Owesprogramm gesäit en Virtrag iwwert Nohaltegkeet bei de Guiden a Scoute Weltwäit fir mat dono engem gemittlechen Owesiessen.

Fir de Virtrag hu mer zwee Invitéeë vu WOSM, de Jeremy Apert an d’Veerle Haverhals. Am Virtrag gëtt d’Thema Scoutismus an Zesummenhang mat der Nohaltegkeet behandelt. Wat eis Roll dobäi ass a wéi mir aktiv kënnen dozou op de verschiddene Niveauë bäidroen.

Hues du eng Fro, schreif eis op nohaltegkeetsdag@lgs.lu

 

Wou: Um Kass-Haff, 187A rue de Luxembourg, Rollingen

Wéini: 17. Dezember 2022

Transport: Mir proposéieren en Shuttle vun der Mierscher Gare aus an zereck an wäerten Iech d’Méiglechkeet ginn Fuergemeinschaften ze bilden.

Timing: Visitte vu 9h-17h30 / Virtrag vu 17h30 – Schluss

Fir Ween: fir jiddereen ab RaRo-Alter

Präis: 20 € fir de ganzen Dag / 12 € fir den Owesprogramm

Umeldung: Mëllt Iech an är (eventuell) Begleedung iwwert de Link >klick hei< un bis de 6. Dezember 2022 (Platze fir d’Visitte sinn op 20 limitéiert maacht iech also bei)

>UMELDEN<