LGS Newsletter - November 2022 |
| |
1. Challenge Nohaltegkeet
D'Guiden a Scouts Joer leeft op vollen Touren an dir sidd bestëmmt fläisseg um Plange vu flotten Aktivitéiten, Sortien, Weekender a sécher och schonn de Summercamp?
Firwat dës Aktivitéiten net nach en Tick méi nohalteg gestalten an dobäi e flotte Präis gewannen!?
Wéi geet dat? Huelt beim Plangen déi nei "Checklëscht Nohaltegkeet - Ökologesch op enger gréisserer Aktivitéit" bei Hand. Kräiz an der Checklëscht d’Punkten un, déi dir fir är Aktivitéit erfëllt hutt. Hutt dir déi Punkte mam *alleguerten erfëllt, an 9 ouni*, hutt dir iech eng Auszeechnung verdéngt. Déi beschten nohalteg Aktivitéite gi mat engem Kaddo belount.
Hutt dir nach Froen oder braucht hëllef beim Ëmsetzen, da mellt iech bei eis: nohaltegkeet@lgs.lu |
| |
2. Nohaltegkeetsdag - 17. Dezember
Komm mat! an huel Deel um 1. Nohaltegkeetsdag vun den LGS.
En Ofwiesslungsräichen Dag zum Thema Nohaltegkeet. Um Programm sti Visitte vun der Superdreckskëscht, zum Thema Ëmgang a Verwäertung vu Ressourcen, a vum Kass-Haff, wou mir en biologesch-dynamesch geféierten Haff kenne léieren a mir eis mat hinnen iwwert hir ethesch, sozial a spirituell Iwwerleeunge kënnen austauschen.
Den Owesprogramm gesäit en Virtrag iwwert Nohaltegkeet bei de Guiden a Scoute Weltwäit fir mat dono engem gemittlechen Owesiessen.
Fir de Virtrag hu mer zwee Invitéeë vu WOSM, de Jeremy Apert an d’Veerle Haverhals. Am Virtrag gëtt d’Thema Scoutismus an Zesummenhang mat der Nohaltegkeet behandelt. Wat eis Roll dobäi ass a wéi mir aktiv kënnen dozou op de verschiddene Niveauë bäidroen.
Hues du eng Fro, schreif eis op nohaltegkeetsdag@lgs.lu |
| |
3. Thinking Day 2023
4. Mäerz 2023
Mir invitéieren iech op de Thinking Day 2023 de 4. Mäerz 2023 vun 10h00 bis 16h00 am Zentrum vum Land. Mir wëllen dësen Dag mat iech all zesumme féieren a proposéieren e flotte Programm Motto fir all Branche. Fir e gudde Maufel moies an e waarmt Mëttegiessen ass och gesuergt.
Feiert mat a mellt iech bis den 10.01.2023 op dësem Link un. |
| |
4. Friddensliicht 2022
Samschdeg de 17. an 18. Dezember 2022
Dëst Joer kënnt dir op zwou verschiddene Plaze mat ärem Grupp un enger Friddensliichtsfeier deelhuelen. Samschdes de 17. Dezember fënnt zu Schengen eng international Feier statt. Sonndes den 18. Dezember organiséiert de Grupp St Alfonso zesumme mam Grupp Arche de Noé eng Feier um Briddel.
Am Anhang fannt dir de Flyer an och de Bestellziedel fir d’Käerzen. |
| |
5. Actionbound
Sidd dir nach op der Sich no flott Wanteraktivitéiten??
Wéi wier et z.B mat enger digitaler Schatzsuche op engem Gruppeweekend, engem Escape Game am Bësch oder engem Nuetsrallye?
Mam Programm Actionbound hutt dir d'Méiglechkeet, eegen digital Rallyen, Escape Games etc. ze erstellen oder och op fäerdeg Rallyen zouzegräifen.
Mir stelle fir all LGS-Grupp en eegenen Account (gratis) zur Verfügung an ënnerstëtzen iech bei der Planung an Ëmsetzung vun ären Iddien.
Fir äre Gruppen-Account ze aktivéieren oder bei weidere Froe mellt iech beim Marlen: marlen.oldenburg@lgs.lu
|
| |
6. Gruppechefformatioun an Admin Dag
Chef a Cheftainen, déi wëlle Gruppechef/taine ginn, kënnen sech ab elo fir Formatioun umellen. Vergiesst net, dass der net just de Formatiounsweekend, mee och den Administrativen Dag maache musst.
- Gruppechefweekend 17.3.-19.3.2023
- Administrativen Dag 28.1.2023
|
| |
7. Rappel: NuetsFunkRaid Master Edition 2023
NuetsFunkRaid
MasterEdition
Cooperatioun LGS / SNJ
14/15. Januar 2023
Wat ass dat?
- Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass)
- Crashcours a Funk-Kommunikatioun
- Orientatiounslaf an Equippen vun owes bis moies mat Funkguidage
- Gruppenchallenge an Equippe vu 4 Leit
- En Erliefnis wat hänke bleift!
Wou: Meetingpoint ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, „Spillwiss“ ass d’Eisléck
Wéini: vum 14. op de 15. Januar 2023
Timing:
- Ufank zu Ierpeldeng e Samschdeg, de 14. Januar 15.00 Auer
- Schluss zu Ierpeldeng : Sonndes, de 15. Januar 12.00 Auer
Fir ween: all Chef, Albatrossen, Raro, a Carapio vu 16 (14) Joer un
Präiss: 35 €
Numerus Clausus: am ganze 48 Leit
Umellen: bis den 02. Januar 2023 per Mail un nuetsraid@lgs.lu
Onbedengt uginn: Numm, Matricule, Adress, Telefonsnummer, Email-Adress, Grupp, Branche, Chef Jo/Nee
Bei Truppenumelldung: w.e.g. eng eenzeg Lëscht mat dësen Donneeën eraginn.
Weider Detailer: komme no der Umelldung no.
Formatioun: Dëse Nuetsraid gëtt fir Cheffen als Recyclagemodull unerkannt.
An dann nach - de Nuetsraid ass bei all Wierder!
Georges Faber (Fabi)
georges.faber@lgs.lu
|
| |
8. Simply Scouting
Fir de Simply Scouting sinn op folgenden Datumer nach Plaze fräi:
Ab in die Wildnis
De Simply Scouting vum 10. Dezember um Neihaischen zum Thema "ab in die Wildnis", gëtt elo als hallef Journée ugebueden. Dëst eng Kéier vun 10:00 bis 13:00 a vun 14:00 bis 17:00 Auer.
10.12.2022, 10-13 Auer
10.12.2022, 14-17 Auer
um Neihaischen
Umeldung: cathy.kirsch@lgs.lu oder liz.feinen@lgs.lu
De Bësch am Wanter erliewen
Jee no Besoin gëtt d`Aktivitéit als Journée vu 6 Stonnen (vun 10:00 bis 16:00) oder als Sortie vun 3 Stonnen (vun 10:00-13:00 a vu 14:00-17:00) ugebueden
21.01.2023, 10-16 Auer (Journée)
21.01.2023, 10-13 a 14-17 Auer (Sortie)
Centre Ecologique "Holdaer" zu Dikrich
---
Outdoor Escape Games am Bësch
04.02.2023, 10-13 Auer
um Neihaischen
Umeldung: marlen.oldenburg@lgs.lu
Spiller am Bësch
04.03.2023, 10-16 Auer
am Centre nature et forêt Ellergronn
Hei ass nach Plaz fir e klenge Grupp
---
Fit fir de Summer
27.-28.05.2023
Umeldung: tom.lahr@lgs.lu
|
| |
9. ONGD - Paniers garnis pour Noël
Depuis plus de 30 ans l’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt met son savoir-faire au service de l’éducation dans la mise en œuvre de projets de protection de l’enfance, d’éducation et de formation professionnelle, pour les communautés les plus vulnérables au Sénégal, Niger, Cabo Verde et Bolivie. Afin de récolter des fonds pour développer nos projets, nous organisons notre vente de paniers garnis pour Noël. Les paniers sont composés de produits luxembourgeois bio et / ou fairtrade, ce qui permet aussi de soutenir les producteurs locaux. Les paniers ne sont pas tous identiques afin de laisser un peu de place à la surprise ! Nous les déclinons en deux versions (25€ et 50€). Voici les produits qui les composent : Boîte à 25€ : une bouteille (0,2l) de jus de la ferme (pomme, poire, cerise…), un savon bio (50 gr), thé Rooibos de Noël, chocospoon, confiture artisanale Sac à 50€ : une bouteille (0,2l) de jus de la ferme (pomme, poire, cerise…), un savon bio (50 gr), thé Rooibos de Noël, une bouteille de crémant Bernard Massard, miel, une tablette de chocolat, sac en toile de jute pour des courses écologiques L’ensemble des bénéfices sera bien sûr utilisé uniquement pour la réalisation et le soutien de nos projets. La livraison des paniers est planifiée autour du 5 décembre. Pour le mode de payement, vous pouvez effectuer un virement sur le compte suivant : LU88 0030 3469 4611 0000. Pour toute commande substantielle, n’hésitez pas à nous contacter au préalable afin d’assurer la date de livraison à votre meilleure convenance : contact@ongd-lgs.lu
Nous sommes impatients de vous faire découvrir nos délicieux paniers! |
| |
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
| |
|