Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Abrëll 2021

1. Congé jeunesse fir d'Summercampen 2021
 

Et ass Zäit fir de Summercamp virzebereeden, do gehéiert och ënner anerem d‘Demande fir de Congé jeunesse dozou. Hei fënns du puer wichteg Informatiounen, wann s du de Congé jeunesse ufroe wëlls

Congé jeunesse

2. Gilwell 2021 - ATTITUDE (Hal Dech riicht!)
 
 
3 Weekender - ee Gilwell!

De Gilwell 2021 steet ënnert dem Zeeche vun ATTITUDE, der eegener Haltung. 

Als Cheftaine a Chef vum Guide-Scoutsmouvement stinn ech a vir eis gemeinsam Wäerter. Ech probéieren dës am Alldag ze liewen, no baussen ze vermëttelen an un déi Kanner a Jugendlech weiderzeginn, déi eis uvertraut sinn. Guide/Scout sinn heescht eng Liewenshaltung hunn a weiderginn. Dass dat net esou einfach ass mierke mer oft genuch, virun allem och an der heiteger Zäit.

Mee wat heescht et eigentlech eng Haltung vertrieden? A wéi enge Beräicher gëtt dat vu mir als engagéierte Chef erwaart? Wéiwäit spillt de Verband dobäi eng Roll?

Un Hand vun theoreteschem Austausch a prakteschem Erliewe probéiere mir Iddien ze entwéckelen, an dat iwwert en Zäitraum vun e puer Méint, mat 3 Weekender zu Lëtzebuerg op verschiddene Plazen. 

De Gilwell ass, och ënnert dëser Form, eng onvergiesslech Erfahrung, an eng Méiglechkeet, zesummen mat aneren engagéierte Chef, de Guidissem a Scoutissem weiderzebrengen, op lokalem oder nationalem Niveau.

Klengt dat fir dech interessant? Da mell dech un iwwert d’Formatiounsportal bis spéidstens den 15. Mee.

Bei Froën, mell dech gären beim  dani.rod@lgs.lu

De Gilwell ass fir all Chef oder Memberen vum Verbandsgrupp déi ee Stap ofgeschloss hunn an op mannst 20 Joër hunn.

Datumer vun de Weekender:

11.6. – 13.6. zu Weicherdang (snj)

10.9.-12.9.  (Plaz gëtt nach matgedeelt)

15.10.-17.10. (Plaz gëtt nach matgedeelt)


3. Agent technique fir d'Géisserei gesicht
 

D'Fondation Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Déngscht vun den Jonken sicht:

 

Een Agent technique (m/w, Carriere C3 (CCT SAS)) am CDD, 20 Stonnen/Woch fir ee Congé parentale z’ersetzen vun Oktober 2021 u bis September 2022.

Wann s du interesséiert bass, dann schéck däi CV mat enger Lettre de motivation op:
fondatioun@lgs.lu

Fir all weider Informatioune kanns du dech gär bei eis mellen: 
fondatioun@lgs.lu


4. Kee Material? - Kee Problem!

 

Am Kader vun hirer Gilwellarbescht hunn d'Marie Lippert a Carine Gansen eng Rei Spiller ausgeschafft, déi ee schnell an onkomplizéiert ouni Material ka spillen. Ënnert dem folgende Link kënnt dir iech dësen Dossier ukucken an eroflueden. D'Aktivitéite wäerten och deemnächst an der Aktivitéitsbox ze fanne sinn

-----

Wee kennt dat net? D’Versammlung dauert nëmmen nach 15 Minutten, mee et huet een alles, wat ee geplangt hat, schon duerch. Allez hep, lo nach ee klengt Spill! Mee wat? 

Jiddwerengem ass dat scho mol geschitt. Et war een an enger klenger „Noutsituatioun“, wou een einfach séier ee Spillche gebraucht hätt, fir d’Zäit ze fëlle bis de Bus kënnt oder bis d’Kanner heem ginn oder bis och déi lescht ukomm sinn. 

Dofir hu mir am Kader vun eiser Gilwellaarbecht dëst PDF-Bichelchen entwéckelt, well mir fannen, datt een heiansdo einfach sou ee klengen Ass am Äermel brauch. 

Hei fannt dir lauter Iddie fir kleng Aktivitéiten, déi dir ganz einfach ouni Material duerchféiere kënnt! 

Kee Material - Kee Problem

5. Native Village goes Simply ScOUTing
 

Och wann de Bealtainefestival 2021 wéinst der COVID-19 Pandemie annuléiert gouf, wëlle mir eise jonke Memberen eng flott a spannend Alternativ zum Festival bidden, dëst natierlech am Respekt vun den aktuellen COVID Bestëmmungen.


Dofir wëlle mir eise Biber, Wëllefcher an AvEx een Dag laang bekannten an och nei Spiller an Ateliere am Native Village ubidden; dëst ënnert dem Slogan „Native Village goes Simply ScOUTing“.


Horairen: Sonndes, den 16. 06. 2021 vun 10h00 bis 17h00.

Méi Informatiounen

6. RAPPEL - "Wat Boma a Bopa nach woussten"

Formatiounsweekend fir Cheftainen a Chef vum 11.-13. Juni 2021 um Neihaischen

Wärend dësem Weekend bidde mir mat Hëllef vu Fachleit vun der a.s.b.l Wildnis.lu zu verschiddene Themen, wéi Selbstversuergung an Nohaltegkeet, praktesch Workshops un. Zil vun dëser Formation continue ass et aalt Wëssen vun eise Grousselteren un déi Jonk a manner jonk Cheffen ze vermëttelen. Fir des Formatiounkritt dir och zwee Paddelen.

Méi Informatiounen
Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken