Congé jeunesse fir d’Summercampen

Et ass Zäit fir de Summercamp virzebereeden, do gehéiert och ënner anerem d‘Demande fir de Congé jeunesse dozou. Hei fënns du puer wichteg Informatiounen, wann s du de Congé jeunesse ufroe wëlls. Weider Informatiounen an de Formulaire fir d’Demande fënns du an der Chefbox.

 

Et gëtt eng Lëscht an der Campumeldung fir d’Persounen, déi de Congé jeunesse ufroe wëllen, d’Demande vun de Persounen, déi net op dëser Lëscht stinn, kann d’Verbandssekretariat net un den SNJ weiderschécken.

D’Demande vum Congé jeunesse muss 1 Mount virun der Aktivitéit beim SNJ ukommen. Dofir denkt drun d’Umeldung vum Camp an d’Demande fir de CJ op d’mannst 6 Woche virum Camp eranzeschécken.

D‘Persounen, déi ee Brevet hunn an dat um Formulaire ukräizen, mussen eng Kopie vum Brevet un d’Demande hänken.

Déi Persounen, déi Selbstänneg sinn, mussen de Certificat d’affiliation mat der Demande eraschécken.

 

Etappen

De Responsabel vum Camp mellt de Camp un. (op d’mannst 6 Woche virum Camp)

De Kandidat fëllt de Formulaire Demande d’octroi d’un congé-jeunesse aus. (Formulaire STAFF vun enger Aktivitéit. D’Ënnerschrëft net vergiessen!) .

De Patron muss d’Demande accordéieren. (Oppassen! Favorabel oder defavorabel muss ugekräizt sinn! An d’Ënnerschrëft net vergiessen!)

De Kandidat schéckt de Formulaire „Demande d’octroi d’un congé-jeunesse “ un d’Verbandssekretariat. (Bäizeleeë sinn: eng Kopie vum Brevet, wann een de Brevet net méi huet, kann een eng Kopie beim SNJ ufroen Tel.: 247-86464, fir Fräiberuffler oder Selbstänneger Certificat d’affiliation vun der CCSS!)

D’Verbandssekretariat schéckt d’Demande mam Programm un den SNJ weider.

Nom Camp fëllt de Responsabel vum Camp de “Rapport iwwert ee Camp”: chefbox.lgs.lu/formulairen/f06-rapport-camp aus mat den Nimm vun de Persounen, déi CJ ugefrot haten.

Esoubal de Rapport beim Verbandssekretariat ukënnt, verschéckt d’Sekretariat de “Certificat de participation“ un d’Kandidaten. De Kandidat muss de Certificat bei sengem Patron ofginn.