International Campen 2016

Rekommandatiounen fir international Campen 2016

Léif Chef,

Wann dir op der Siich sidd no engem flotten internationale Camp am Ausland, sidd dir héi richteg. Am Summer 2016 wärt et nierft dem Roverway och mat aaneren internationale Campen an Europa weider goen. Op dëser Sait fannt dir ab September 2015 eng Réi international Campen als PDF wou mir als international Equipe fir iech erausgesicht hunn.

Héiansdo sinn d’Alterslimiten aanescht ewéi daat an eisen Branchen de Fall ass, wann et op +-1 Joer ukennt, frot einfach per E-mail beim Camp no op et an der Réi as een Jonken mat engem Joer manner oder méi matzebrengen, normalerweis ass daat keen Problem.

Denkt drun dass all Camp am Ausland vum engem internationale Commissaire muss ennerschriewen gin. Wann dir op een internationalen Camp welt goen deen net op eiser Lescht as, dann as daat ok, ausser an engem Fall: International Campen vu Scouten oder Guiden déi net vum Weltverband WOSM oder WAGGGS unerkannt sinn, gin d’office refuséiert. Kuckt also w.e.g op d’Associatioun de Logo vun WOSM oder WAGGGS oder Homepage huert oder am Text desen Punkt erwähnt get. Bei Onsecherheet maacht eis eng E-mail

Bescht Guiden a Scoutsgréiss,

International Kommissairen    –   ic@lgs.lu

01 – UK – Essex Jamboree

02 – Eisteraich – Pinakarri

03 – Finland – Roihu

04 – Polen- CEJ

05 – Iceland – Skatamot

06 – UK – Charnwood

07 – Frankraich – Roverway