Gilwell to Go 2015-2016

Wat ass de Gilwell ?

De Gilwell, offiziell „Woodbadge-Formatioun“, gouf 1919 vum Baden-Powell an d’Liewe geruff a gëtt zënterhier a ville Verbänn op der ganzer Welt ugebueden. Am Verband vun de LGS ass d’Woodbadge-Formatioun eng fakultativ Weiderbildung.

Wat ass de “Gilwell To Go” 2015 ?

Nach virun der LGS-Fusioun war et üblech, dass Liechtensteiner Chef a Cheftainen hire Gilwell hei zu Lëtzebuerg, bei eisem Verband matgemeet hunn. No verschiddene Treffe gouf decidéiert dës “Traditioun“ rëm opliewen ze loossen, an en eegent Konzept fir en Lux-Lie-Gilwell gouf ausgeschafft : de “Gilwell To Go” !

Thema?

De “Gilwell To Go“ beschäftegt sech iwwergräifend mam Thema vun der Partizipatioun. Zwee Aspekter ginn thematiséiert: d’Partizipatioun vun de Guide/Scouten an der Gesellschaft an d’Partizipatioun bei de Guiden a Scouten.

Fir wien ass de Gilwell geduecht?

Fir Leit déi eng Formatioun vum 2 Zyklus ofgeschloss hunn; Gruppechef an Aumonier’en. De Gilwell-Kandidat muss den éischten Dag vum Formatiounscamp op mannst 20 aal sinn.

 

De “Gilwell To Go“ass op 3 Weekender opgedeelt. D’Zil ass et deene Chef déi soss, aus berufflechen oder familiären Grënn net op den traditionelle Gilwell kënne matgoen, awer d’Chance ze ginn esou eng Formatioun ze maan.

D’Unzuel vu Kandidaten ass op 6-8 pro Land limitéiert.

Wou a wéini?

All Weekend ass op enger aner Platz. De Weekend geet Freides Owes ëm +/-21h30 op der respektiver Platz un, an dauert do bis Sonndes Mëttes +/-14h30 . D’Weekender sinn :

  • 16-18. Oktober 2015 zu Lëtzebuerg
  • 6-8. November 2015 zu Schaan am Liechtenstein
  • 29-31. Januar 2016 an de Vogesen

Präis an Transport ?

D’Participatioun un deenen 3 Weekender kascht 200€.

D’Rees a Liechtenstein an an d’Vogesen ass hei net mat agerechent. Dës organiséiert all Participant (Staff a Kandidaten) fir sech ; respektiv d’Participante schwätzen sech ënnert eneen of.

Umeldung ?

Beim Marc Weis (marc.weis@justice.etat.lu; 621 460 164) oder beim Christian Weis (chrescht.weis@web.de; 691 688 073)

Äntwerten op all weider Froen kriss de och bei hinnen!

Hues du Loscht déngem Engagement neien Opdriww ze ginn ?

Hues du Loscht nei Iddien ze kréien an däin Horizont ze eweideren ?

Hues du Loscht eisem an dem Liechtensteiner Verband nei Impulser ze ginn ?

Hues de Loscht nei Leit kennen ze léieren an Frëndschaften ze schléissen ?

Da mell dech esou schnell wéi méiglech un !!!

Opruff-GilwellToGo-1 [PDF]