Sensibilisierungs-Aktivitéiten iwwert Mënschen op der Flucht

Hei fann der verschidden Aktivitéiten dei der an äre Versammlunge benotze kënnt fir äre Jonken ze erklären virwaat Mënschen aus hire Länner flüchten, wei eng Strapazen se op sech geholl hunn a wei et hinnen an Europa geet.

Serious Game

Wéi fillt et sech als Friemen an Europa un? ronderem dëss Fro dréiht eng vun den Aktivtéiten dei DPSG fir hier roude Fuedem “Gast>>Freundschaft: Für Menschen auf der Flucht” ausgeschafft hunn.

Text Adventure

Eng weider Aktivitéit vun der DPSG dei d’Flucht u sech behandelt.

Interkulturell Aktivitéiten

Hei, bei den aistraischechen Scouten fann der eng Sammlung vun interkulturellen Übungen:

Last Exit

En online “Spill” vun der UNHCR daat weist waat Mënschen virun, während an no der Flucht matmaachen (Fir CaraPio, RaRo a Chef/taine)

Ballon Game

Eng mei einfach, kuerz Übung, vun der UNHCR, fir all Alter

Passages

Dëss as e Rollespill wat vun der UNHCR entweckelt gouf an och schon op diversen internationale Campen “gespillt”gouf.

Fluchtkoffer gestalten

Soss nach?

 – Dir wëllt konkret eng Hand mat upacken a jonke Flüchtlingen zu Letzebuerg hëllefen da kënn der gären d’Cathy oder den Tom B. an der Geisserei kontaktéieren.

– De “Patt beim Pit” as eng nei Aktivitéit dei eemol am Trimester vun der Aumônerie ugebuede gëtt. Bei engem gemittleche Patt gëtt iwwer méi serieux Theme geschwaat. Bei der 1. Kéier als als Expertin d’Agnès Rausch invitéiert.

– D’Fridensliicht Feier steet dëst jo ënnert dëser Thematik a gët, genau ewei schon d’Lescht Joer, zesumme mat der DPSG zu Schengen organiséiert.