STAP 2016

De STAP (« STage d’Approfondissement Pédagogique ») ass de Formatiounscamp vum 2. Zyklus bei den LGS.

De STAP ass fir all Cheftaine a Chef geduecht, deen/déi den éischten Zyklus vun der Formatioun ofgeschloss huet an dëse wëll verdéiwen, respektiv nach nei Saache bäiléieren.

Um STAP steet d’Organisatioun vun engem Guiden- a Scoutscamp am Mëttelpunkt, et ginn awer och vill aner Formatiounssessiounen ugebueden, zu Theme wéi z.B. Roll vum Branchechef, Responsabilitéit, Method, asw. Natierlech kommen d’Guiden- a Scoutstechniken, den Austausch mat anere Cheftainen a Chefs grad wéi de Spaass och net ze kuerz.

Nom Formatiounscamp sollen d’Kandidaten eng Chefekipp leeden an e Camp organiséiere kënnen. Nom STAP kënnt nach e praktesche Stage an der Branchenunitéit mat Begleedung vun engem Pätter oder enger Giedel.

Wéi schonn d’lescht Joer ass de STAP 2016 nees fir all d’Branchen zesummen (1 Datum, 1 Plaz, 1 Thema). De Camp ass zu Bilschdref, während der Ouschtervakanz, vum 30. Mäerz (Mëttwoch) bis de 6. Abrëll (Mëttwoch).

Konditioune fir um STAP Deel ze huelen:

– déi ganz Woch zu Bilschdref präsent sinn

– op d’mannst 18 Joer hunn

– eng Ernennung als Assistent (ABC, AWC, ATC, ACC) hunn (d’Formatioun vum 1. Zyklus muss virum 30.03.2016 ofgeschloss sinn)

Du kanns Congé Jeunesse fir de STAP ufroen, mell dech dofir beim Verbandssekretariat.

Fir Kandidate mat Kanner gëtt während dem STAP eng Crèche ugebueden (ënner gewësse Konditiounen), mell dech heifir am Virfeld op formatioun@lgs.lu.

D’Participatioun um STAP kascht 200 Euro. Iwwerweis dës Sue w.e.g. bis spéitstens de 29. Februar op de Kont « LGS-Formations BILLULL

LU87 0021 1828 0032 0000 » mam Vermierk « Numm, Virnumm, STAP 2016 ».

Nom Ofschloss vum 2. Zyklus kann de Kandidat eng Ernennung als Branchechef (BC, Akela, TC, CC) ufroen a kritt de Brevet « Animateur C » vum SNJ. Wien 1 Joer duerno nach als Chef aktiv ass, kann eng Prime vun 250 Euro beim SNJ ufroen.

Umelle kanns du dech bis de 14. Februar mat dësem Formulaire. Soubal s du dech ugemellt hues, kriss du en e-Mail mat enger Confirmatioun geschéckt. D’Verbandssekretariat informéiert däi Gruppechef/taine iwwert deng Umeldung.

Nach Froen ? Déi kanns du dem Formatiounscommissaire stellen (formatioun@lgs.lu)

 

Umelle fir de STAP kënn der iech iwwert dëse Link:

https://chefbox.lgs.lu/formulairen/umeldung-stap/