Bealtaine 2016

No zwee Joer Waarden as et am Mee erem sou wäit; déi 7. Editioun vum internationale Keltefestival Bealtaine, mat nach méi Animatioun fir Kanner an Famillien. Fir dese Bealtaine Festival hunn mir eng grouss Aennerung wat den Horaire Samstes betrefft. De Festival dauert Samstes vun 11h00 – 22h00. Kommt laanscht a verbrengt en spannenden Dag an der Welt vun de Kelten. D’Infoen fir d’Visiteuren fann der op www.bealtaine.lu

Horairen:

Samstes 14.5.2016: 11h00 – 22h00 / Sonndes 15.5.2016: 11h00 – 19h00

Virverkaaf:                                            7 € ( zwee Deeg gülteg)

Daageskees :

Erwuessener:                                      8 €

Erwuessener(zwee Deeg):               12 €

Kanner bis 12 Joer:                            Gratis

Kanner iwer 12 Joer:                          5 € fir zwee Deeg / 4€ fir een Dag

Aktivitéitskaart fir Kanner:                 3 €

Mat der Aktivitéitskaart kennen Kanner un den Ateliern a Spiller partizipéieren

Programm fir eis LGS-Gruppen:

Dir hutt och dest Joer Méiglechkeet mat äre Biber, Wëllefcher, AvEx op de Festival ze kommen, an déi vill Aktivitéiten matzemachen.

Esou kennt dir eng flott a spannend Sortie fir Kanner organiséieren, ouni am viraus e Programm ze plangen.

Mir bidden:

  • Gratis Entrée fir Biber, Wëllefcher, an AvEx, déi sech als Grupp am viraus umellen, Flott a spannend Spiller /Ateliern

Wat muss dir machen:

  • Mellt iech w.e.g als Famill, Ruddel, Trupp bis spéitestens den 10. Mee op info@bealtaine.lu Deelt eis w.e.g den
  1. Numm vum Grupp,
  2. Numm vum responsablen Chef,
  3. e-mail Adress,
  4. Zuel vun de Kanner a Cheffen,
  5. Datum weini dir kommt,(wichteg aus organisatoresche Grënn)

An der Kees kritt dir är Entréesbännecher

Iess/Gedrenksstänn:

Um BealtaineFestival gin et e puer Gedrenks/Iessstänn. Niewt den klasseschen Grillwurschten gin et och nach Tarte Flambé, , Spézialitéiten aus der keltescher Kichen… an als Héichpunkt Samstes, Schwein a Schof vum Spiess a Sonndes eise Klassiker e Gallowayochs um Spiess.

Programm:

20 verschidden Ateliern,Infostänn, Verkaafsstänn, Demonstratiounen,….

Ateliern a Spiller fir Kanner:

  • Liederbännecher mat kelteschen Symboler stanzen, Keltesch Schëlder a Schwerter bastelen, Halsschmuck aus Specksteen, Keramikaarbechten
  • Kräider mat alle Sënner entdecken, Naturparcour, Zënn geissen
  • Brout baacken wéi bei de Kelten, Déierespill, Flechten, Brettchenweben
  • Holzschnetzen, Bou-Axt a Speerschläiderscheissen
  • Ketten aus Naturmaterialien, Filzen, Fibel aus Kupfer, Keltesch Waffen(Quiz)
  • Keltesch Landwirtschaft(Quiz), Keltesch Spiller, Archeologiespill

Live Concerten(während dem ganze Festival) mat:

  • Rambling Rovers (Däitschland) ; On the wagon(Schottland) ; Nuraghi(Belsch)
  • Luxemburg Pipe Band(Lëtzebuerg) ; Pipers (Lëtzebuerg)

Keltesch Animatioun mat Schwertkampf, Feierspäitzer,

Wanted Wanted:“Mataarbechter gesicht fir de Bealtaine Festival”

Fir dass d’Organisatioun vun esou engem Event klappt, brauche mir natirlech nees ganz vill bénévol Mataarbechter.

Hues du also Loscht an Zäit eis dese Weekend ze hëllefen, dann mell dech esou séier wéi méiglech.

Wou brauche mir elo Hëllef?

– Mathëllef bei der Animatioun vu Spiler an Ateliern

  • Entréeskeesen(Schichten vun 2 – 4 Stonnen)
  • Fräiwelleger bei Tarte Flambée(Pizzauewen)
  • Leit an der Spull(Schichten à 2 Stonnen)
  • Fräiwelleger beim Ofrappen 16.5.2016

 

Wéi kennt dir iech elo mellen?

Iwwert den Onlineformulär kennt dir iech umellen:

https://nativevillage.lgs.lu/event/matarbechter-fir-de-bealtaine/

Elo schonn e grousse Merci fir är Ennerstetzung.

Am Numm vun der ganzer Bealtaineéquipe a mat  beschte Guide a Scoutsgréiss

Tom Lahr