Mir sichen Staffleit fir (vir)um Camp ze hëllefen, an dat an alle Beräicher. Komm de 24. September op de Chefdag op d’Foire luussen, a gëff gewuer, wou nach Leit gebraucht ginn a wéi eng Erausfuerderungen dech intresséieren.
Sidd Dir Albatrossen oder Mataarbechter vun engem Grupp, déi bekannt sinn fir e bestëmmten Iessen / Gedrénks? Da mellt Iech um Chefdag, a sidd um Open Day mat engem Iessstand mat derbäi!
Detailer iwwer de Chefdag fënns du hei: https://news.lgs.lu/2016/09/08/kongress-a-chefdag-2016/