no Jubica 1982, Atlantis 1994,… wëlls du et nach eng Kéier wëssen?

Mir sichen Staffleit fir (vir)um Camp ze hëllefen, an dat an alle Beräicher. Komm de 24. September op de Chefdag op d’Foire luussen, a gëff gewuer, wou nach Leit gebraucht ginn a wéi eng Erausfuerderungen dech intresséieren.

Sidd Dir Albatrossen oder Mataarbechter vun engem Grupp, déi bekannt sinn fir e bestëmmten Iessen / Gedrénks? Da mellt Iech um Chefdag, a sidd um Open Day mat engem Iessstand mat derbäi!

Detailer iwwer de Chefdag fënns du hei: https://news.lgs.lu/2016/09/08/kongress-a-chefdag-2016/