“Mir stellen an!” SVCi bei da ONG vun den LGS

D’ONG vun den LGS: “Guiden a Scouten fir ENG Welt” ass op der Sich no engem motivéierten Guide oder Scout fir an eisem Team mat ze schaffen an eis Aarbecht un déi lokal Gruppen erun ze bréngen.  Bass du interesséiert un engem Volontariat Civique bei eis an trëfft den Profil op dech zou? Hues du Zäit a Loscht? Da mëll dech

Kandidaturen mat CV an Motivatiounsschreiwen um contact@ongd-lgs.lu. Wann s du virdrun nach Froen hues, schreiw eis roueg eng Email.

 

Fir Informatioun iwwert den Service Volontaire Civique: http://volontaires.lu/svci

 

Fir méi iwwert eis Aarbecht, Projeten a Partner gewuer ze ginn: https://ongd.lgs.lu/

 

————

 

ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt sicht

fir d’ Entwécklungserzéiung am Arbechtsgrupp Nord-Süd

 

e Volontaire civique (m/f)

35 Stonnen / Woch

Ronn 650€ NET / Mount

Vun  November 2016 bis 31 Oktober 2017 e Minimum vun 9 Méint

 

Aufgaben :

An Zesummenarbecht mam Arbechtsgrupp Nord-Süd vun der ONGD vun de Guiden a Scouten mecht de Volontaire civique Aktivitéiten am Beräich vun der Entwécklungserzéiung mam Verband vun de Guiden a Scouten. An der Entwecklungserzéiung gin de Kanner, de Jonken an de Cheffen vun den LGS Erkenntnisser, Begeeschterung an d‘Erliewen vun internationaler Solidaritéit vermëttelt, dat ganzt am Kontext vun der Arbecht vun der ONGD am Senegal, am Niger an a Bolivien.

Zu den Aufgaben vum Volontaire gehéieren :

  • Ausschaffen vun neien Scoutsaktivitéiten fir di nei Editioun vum pädagogesche Spillclasseur vun der ONGD
  • Hëllef an Duerchféierung vun Aktivitéiten a lokale Guiden-Scoutsgruppen vun den LGS
  • Firbereeden an Leedung vun LGS Chef-formatiounen
  • Bedeelegung u groussen nationalen oder internationalen Camp’en mat Ausschaffen vun spezifeschen Camp-Aktivitéiten, zB um GoUrban
  • Hëllef bei der Organisatioun vun Charity-Events vun der ONGD

 

De Profil :

  • Guide, Scout oder Chef sin
  • 19-29 Joer hun
  • Interessi un der Entwecklungshëllef hun
  • sech un engem Odyssee-projet bedeelegt hun oder en Obenthalt / Rees an en Entwécklungsland gemach hun
  • eng Scoutsaktivitéit autonom ausschaffen a leede kennen
  • sech autonomuechtert Land bewegen kënnen, mam ëffentlechen Transport oder eegenen Auto
  • lëtzebuergesch schwätzen
  • flexibel schaffe kennen wéi zB owes an d‘Weekender