Wëllefchersrallye 2017 zu Réimech

Léif Cheftainen a Chefs,

 

Wéi dir villäicht schonn um Chefdag héieren hutt, ass dëst Joer de Wëllefchersrallye den 28. Mee 2017 zu Réimech bei eiser schéiner Musel.

 

D´Maskottchen vum Réimecher Grupp, de Cuni, ass bei engem vu senge Versich duerch d´Zäit ze reesen hänke bliwwen a brauch är Hëllef fir erëm an d´Joer 2017 zréck reesen ze kennen.

Mir sinn op är Hëllef ugewisen fir em Cuni seng Zäitmaschinn ze flécken.

 

Dofir mellt Iech w.e.g. bis spéitstens de 17. Februar un andeems dir är Suen iwwerweist an de Formulaire op eisem Internetsite ausfëllt:

 

                        http://www.lgsremich.lu/wellefchersrallye

 

De Rallye kascht 14 Euro fir Wëllefcher, a 7 Euro fir Chef. Am Präis inclus sinn den Transport souwéi e Badge fir all Participant. Jiddereen kann fir Mëttes säin eegenen Picknick matbréngen, mir bidden awer och d’Méiglechkeet un, sech e Wupp vum Grill ze kafen an dësen esouguer am Viraus fir äre Grupp ze bestellen.

 

CCRALULL LU21 0090 0000 9232 1702 

LGS St. Cunibert Réimech

Kommunikatioun: „Wëllefchersrallye + Numm vum Ruddel + Umeldungsnummer“

 

 

D´Umeldungsnummer déi dir an der Kommunikatioun musst uginn kritt dir nom Ausfëllen vum Onlineformulaire per E-mail matgedeelt.

 

Är Umeldung ass eréischt definitiv, wann dir d’Suen iwwerwisen hutt. Sollt dir nach kleng Changementer an der Zuel vun de Participanten hunn, sou ass dat bis den 1. Mee 2017 kee Problem.

 

All weider Informatiounen iwwert den Transport an d’Auerzäiten kritt dir per E-Mail, dofir gitt eis w.e.g. eng E-Mail Adress un, déi dir regelméisseg liese gitt.

 

Bei Froen zéckt net Iech ze mellen, per E-mail un wellefchersrallye@remich.lgs.lu

 

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

 

Grupp Saint Cunibert Réimech

 

–> Hei fannt dir nach eng Kéier de komplette Bréif (PDF)