Umeldung fir d’Biber- a Wëllefchersandacht 20. Mee 2017

Léif Biber- a Wëllefcherschef

Och dëst Joer ass eis Biber- a Wëllefchersandacht erëm Samsdes mëttes, an zwar den 20. Mee 2017 an der Kathedral. Mir hunn fir Iech flott Spiller an Aktivitéiten virun der Andacht virbereed. Et ass also eng flott Méiglechkeet är Versammlung an d‘Stad ze verleeën!

Rendez-vous ass um 15h00 um Parvis vun der Kathedral, d‘Andacht fänkt um 17h00 un.

Mellt iech an äre Ruddel oder är Biberfamill bis den 13. Mee un op biber@lgs.lu. Sot eis zu wivill Chef a Kanner dass Dir ongeféier derbäi sidd.

Mir freeën eis op ee schéinen Nomëtteg mat Iech!

D‘Biber- an d‘Wëllefchersekipp