Et gi Membere fir de Jury “Jugendpräis 2017” vum SNJ gesiicht, 11. Mee 2017

“De Service national de la Jeunesse siicht am Kader vum “Jugendpräis 2017” nach Membere fir de Jury “Jeunes” deen d’Aufgab huet d’Lauréate vum Concours ze bestëmmen. Gesiicht gi Jonker tëscht 13 a 30 Joer an dat Ganzt fënnt statt den Donneschden 11. Mee um 14:00 am Forum Geesseknäppchen an wäert bis ongeféier 16:30 daueren.

 Kontaktpersoun SNJ:

 Jeff Faltz

247-86478 / jeff.faltz@snj.lu