Bilschdrefer Kiermes den 25. Mee 2017

2017 Kiermes zu Bilschdref

Kiermes a Floumaart Donneschdes de 25. Mee 2017 am Nationalzenter „Relais de l’Amitié“ zu Bilschdref

Donneschdes, den 25. Mee 2017 (op Christi Himmelfahrt) invitéiert de Comité Bilschdref a seng Mataarbechter all Guiden, Scouten, Frënn an Bekannten op hir 45. Bilschdrefer Kiermes.

Programm vun der Kiermes:

ab 9:00 Auer: Floumaart fir Grouss a Kleng

um 11:00 Auer: Mass am Zelt

ab 12:00 Auer: Aperitif a Kiermes-Menü / Mëttegiessen

ab 13:00 Auer: Kiermesmusikanten

ab 13:00 Auer: Atelieren a Spiller fir Kanner

Mir wieren frou wann dir iech fir de Kiermes-Menü (Kiermeszopp, Ham am Deeg mat Zooss, Gromperegratin, Ierbsen & Wuerzelen, Zalot an Dessert) bis spéitstens den 23. Mee ënnert 621290124 oder l_chapron@hotmail.com umellt.

Nieft dem Kiermes-Menü ass den ganzen Dag mat Hamburger, Kotlett, Wurschten, Fritten, Eisekuchen an Patisserie fir Iessen an Drénken gesuergt.

Den Chalet an d’Campplaz:

Dir kënnt den Relais de l’Amitié an/oder d’Campplaz op 10, rue Abbé Neuens, L-8811 Bilsdorf dat ganzt Joer fir eng Aktivitéit, een Weekend oder een Camp reservéieren. Weider Detailer an Informatioune fir d’Reservatioun vum Relais de l’Amitié a der Campplaz beim Comité Bilsdorf – Marcelle Ludwig – 621315811 – chalet.bilsdorf@lgs.lu oder maludwig@pt.lu.