WE de Lancement 2017

Weekend de Lancement: “Liga vu den außergewéihnlechen Raro”

Léiwe Clanchef, léiw RaRo,

Byebye GO Urban, hello GO Scoutsjoer 2017/2018. De Weekend de Lancement steet virun der Dier mat neien an aalen Gesiiter.

Ënnert dem Motto “Liga der außergewöhnlichen Raro’s” erwaarden mer vun iech, dass der eis weist aus welchem Holz ären Clan / Raro geschnitzt ass. Weisst waat der kennt a demonstréiert är Superkräften (Barkompetenz ass keng Superkraft!). Beweisst bei ärem Ukommen, datt der zou eiser Liga geheiert.

Superkraft hin oder hier : Dir kënnt iech eraus sichen op dir am Zelt op der Wiss (Zelt matbrengen) oder am Chalet schlofen wëllt an eenzel RaRo ouni Clan kënnen och kommen.

Hei drënner fënns de déi wichtegst Informatiounen fir dech unzemellen.

Wéini? Samschdes, den 14. Oktober 2017 um 17 Auer bis Sonndes, den 15. Oktober 2017 um 16 Auer
Wou? Um Neihaischen am Chalet Nicolas Rollinger

Lëtzebuerger Guiden a Scouten
1, rue Principale
L-5290 Neihaischen

Präis? 25 Euro op de Kap w.e.g. iwwerweisen bis de 09. Oktober ob eise Konto bei der BIL:

LGS RaRo LU71 0022 1827 9935 4700 BILLLULL

Umellen? De Clanchef/den Gruppenchef fir de ganze Clan bis de 09.Oktober 2017 op

Gëff w.e.g. deng Emailadress an Telefonsnummer un an so eis op däin Clan op der Wiss oder am Chalet schlofen wëllt.

Soot eis w.e.g.Bescheed falls der Allergien hudd.

Mat beschten Guiden- a Scoutsgréiss,

d’Ekipp RaRo

 

De Bréif