JOTA-JOTI: Guiden a Scouten vernetzt

Dëse Weekend war et erëm esou wäit: eng Millioun Guiden a Scouten hunn sech a méi wéi 150 Länner ob de Funkfrequenzen an um Internet getraff. De JOTA-JOTI Weekend (Jamboree On The Air – Jamboree On The Internet) ass all Joer den 3. Weekend am Oktober an ass eng eemoleg Geleeënheet fir sech mat anere Guiden a Scouten ronderëm d’Welt auszetauschen an néi Frënn ze fannen.

Hei am Land hunn dëst Joer 11 Gruppe matgemaach. Niewent modernen Techniken wéi dem Internet hunn d’Guiden a Scouten awer och, mat Hëllef vun Funkamateuren, Antennen a Funkstatiounen opgebaut fir mateneen ze kommunizéieren. Esou kruten si e flotten Abléck a vill Kommunikatiounstechniken déi mir esou hautdesdaags net méi kennen.

Méi Infoen op JotaJoti.lu
Hei e puer Andréck vum JOTA – JOTI Weekend zu Beetebuerg (LGS Abbé Pierre Beetebuerg & LGS Robert Schuman Kiem)
[flickr_set id=”72157688269438504″]