Afterwork virum Neijoerschpatt

Flyer Neijooschpatt

All d’Chef vun den LGS sinn häerzlech invitéiert op den Afterwork virum Neijoerschpatt den 11. Januar ëm 17 Auer.

An enger relaxer Ambience bei der Géisserei offréiert de Verband iech wanterlecht Gedrenks an Iessen. Vum Jus bis bei de Glühwäin, vun der Wurscht bis bei en Chilli, et wert fir jiddereen dat richtegt derbäi sinn …

Nom offiziellen Deel ëm 19 Auer an der Géisserei leeft den Afterwork och nach weider.

Kommt all laanscht luussen …