Volontariat am Senegal – Capucine

6 an hallef Méint am Senegal

Salamalekum!

Ech sinn elo säit 2 Méint am Senegal zu Mboro, en klengt Duerf nërdlech vun Dakar. Meng éischt Impressiounen wou ech ukomm sinn: waarm, vill Leit an staark Verschmotzung op den Stroossen. Ech war opgereegt an konnt mer net vierstellen, wat mech genau erwaart. Ob all Fall sinn ech léif begréisst ginn an déi meescht Leit sinn ganz oppen an frëndlech. Dat mëscht d’Land och aus – den Senegal ass bekannt fir d’Teranga, dat heescht Solidaritéit an Deelen.
Ech schaffen zu Mboro am CREPE (Centre de Ressources Educationnelles et de Promotion des Enfants) deen vun der lëtzebuergescher ONG ‘Guiden a Scouten fir eng Welt’ an Kooperatioun mat der senegalesescher ONG JED ‘Jeunesse et Développement’ finanzéiert gëtt. Mat agebonnen ass och den ‘Projet Eclat’ deen sech em d’Inklusioun vun den benodeelegen Kanner an den Klassen këmmert.
Am CREPE ginn et am ganzen 4 Klassen mat generell Kanner vun 4 bis 15 Joer. Ech hëllefen den Monitricen am Cours an gin haaptsächlech mat enger anerer Lëtzebuergerin, d’Joan, Konscht Coursen well den zoustännegen Proff ausgefall ass. Dat ass flott well ech dann eng konkret Aarbecht während deenen Stonnen hunn mee et kann och ustrengend sinn well d’Kanner oft onroueg an net konzentréiert sinn. Mir molen an bastelen vill an probéieren e bëssen Variatioun dran ze bréngen. Deenen meeschten Kanner gefält et gutt well se eppes Praktesches man an dono en konkret Resultat gesinn. Et mëscht mir ob all Fall Spaass an ech sinn frou, dass ech déi Coursen an den 4 Klassen iwwerhuelen an mat all Kand am CREPE en gewëssenen Kontakt hunn.

Wat d’Iessen ubelaangt ass et oft dat selwecht: Fleesch, Fësch, Räis an Nuddelen. Den National Plat am Senegal heescht Thieboudienne an deen besteet aus Fësch mat Räis an gekachtem Geméis. Am Ufank war et bëssen schwéier sech drun ze gewinnen well net déi Variatioun do ass déi mir kennen an d’Iessen oft fetteg an schaarf ass mee mëttlerweil hunn ech dat senegalesescht Iessen gär wann et gutt gekacht ass.

Ech sinn gespaant wat nach alles op mech zou kennt an deene nächsten Méint an ech freeën mech, déi Kultur ëmmer besser kennen ze léieren an d’Land richteg ze entdecken