Fotoen “STAP 2018” – Mord u Bord

An der Päischtvakanz war de „STAP“ zu Bilschdref. Dëst ass de Formatiounscamp vum 2. Zyklus bei den LGS.

Während aacht Deeg hunn hei 40 zukünfteg Branchechef geléiert eng Unitéit an eng Chefekipp leeden an e Camp organiséieren; dat souwuel an der Theorie wéi och an der Praxis. Bei engem grousse Rollespill mam Titel „Mord u Bord“ goufen de Mörder vum Kapitän Bob Bayard gesicht a sou munch Intrige gesponnen.

[flickr_set id=”72157670056860838″]