Lancement 2018

Léiwe Clanchef, léif RaRo,

 

Byebye Senegal a Roverway , hello Scoutsjoer 2018/2019. De Weekend de Lancement steet virun der Dier mat neien an alen Gesiiter.

Ënnert dem Motto “Wild 90’s” erwaarden mer vun iech, dass der eis weist wei kuhl ären Clan / Raro ass. Weist wei gutt är 90’s Kentnisser sinn an wat den Kleederschaf vun ären Elteren nach vun “90’s feeling” hiergëtt.

90’s hin oder hier : Dir kënnt iech eraus sichen op dir am Zelt op der Wiss (Zelt matbréngen) oder am Chalet schlofen wëllt an eenzel RaRo ouni Clan sinn natierlech häerzlech wëllkomm.

 

Hei drënner fënns de déi wichtegst Informatiounen fir dech unzemellen.

 

Wéini? Samschdes, den 20. Oktober 2018 um 17 Auer bis Sonndes, den 21. Oktober 2018 um 16 Auer

 

Wou? Um Neihaischen am Chalet Nicolas Rollinger

Lëtzebuerger Guiden a Scouten

1, rue Principale

L-5290 Neihaischen

 

Präis? 20 Euro op de Kap w.e.g. iwwerweisen bis de 18. Oktober ob eise Konto bei der BIL:

LGS RaRo LU71 0022 1827 9935 4700 BILLLULL

 

Umellen? De Clanchef/den Gruppenchef fir de ganze Clan bis de 18.Oktober 2018 op raro@lgs.lu

Gëff w.e.g. deng Emailadress an Telefonsnummer un an so eis op däin Clan op der Wiss oder am Chalet schlofen wëllt.

Soot eis w.e.g.Bescheed falls der Allergien hudd.

 

Mat beschten Guiden- a Scoutsgréiss,

d’Ekipp RaRo