Cooperatioun LGS / SNJ
15/16 Dezember 2018
zu Ierpeldeng op der Sauer
Wat ass dat ?
„Wat bedeit et als Chef op enger Aktivitéit Verantwortung ze droen?”
Nieft engem theoreteschen Deel iwer Méiglechkeeten, Grenzen a Konsequenzen maache mir eng Reih Atelieren a Spille wou mer kucken wéi dat Théoretëscht an der Praxis ëmzesetzen ass!
Wou : Ierpeldeng bei Ettelbréck
Wéini : vum 15. bis den 16. Dezember 2018
Timing : Ufank zu Ierpeldeng : Samschdes, de 15. Dezember 15.00 Auer
Schluss zu Ierpeldeng : Sonndes, de 16. Dezember géint 17.00 Auer
Fir ween : all Stagiär a Chef vun all Branche
Präiss : 35 €
Numerus Clausus : am ganze 20 Leit
Umellen : bis den 10. Dezember 2018 per Mail un umeldung@lgs.lu
Onbedengt uginn : Numm, Matricule, Adress, Telefonsnummer,
Email-Adress, Grupp, Branche
Weider Detailer : komme no der Umelldung no.
Formatioun: Dëse Stage gëtt als Recyclagemodull ( 2 Paddel) unerkannt
An dann nach : – mir sinn och dobaussen !
Georges Faber (Fabi)
georges(at)fabi.lu