Studentenjob bei den LGS

Studentenjob bei den LGS um Neihaischen

3 Chef/taine fir Summeraktivitéiten gesicht!

 

Och dëse Summer kommen erëm vill Schoulklassen a Guiden/Scoutsgruppen mat hire Kanner a Jonken op d‘Neihaischen fir d‘Liewen vun de Kelten, de Steenzäitmënschen an den Indianer kennen ze léieren a méi

iwwert d‘Natur gewuer ze ginn.

Mir siche vum 10.06. bis den 31.07 dräi Chef/Cheftainen (Studenten-Kontrakt op 40 Stonnen/Woch), déi Zäit an Loscht

hunn, déi Aktivitéiten ze animéieren an de Programm aktiv mat ze gestalten.

Am léifsten hätte mir Studenten, dei déi 7 Wochen Zait hun.

Falls du nemmen am Juni oder am Juli zait hues, kanns du dech awer mellen.

Mellt iech w.e.g. bis Enn März per Mail beim Tom Lahr ( Mail:  ).

Offer Studentenjob 2019