Congé jeunesse – leschten Termin

Léif Chef/tainen,

denkt drun är Demandë vum Congé jeunesse mat Zäit eranzeschécken. D’Demande sollt 1 Mount virum Camp beim SNJ ukommen. Well d’LGS-Sekretariat d’Demande och ënnerschreiwe muss, soll d’Demande op d’mannst 6 Woche virum Camp bei der Géisserei ukommen.

D’Sekratariat kann d’Demande nëmmen da verschaffen, wann de Camp ugemellt ginn ass. D’Sekretariat muss d’Umeldung mam Programm beileeën a bestätigen, datt ee Member am Verband ass, an ob de Kandidat eng Formatioun gemaach huet.

Opgepasst! Et sinn 2 Dokumanter der Demande bäizeleeën: de Certificat d’affiliation vun der CCSS a wann een huet, eng Kopie vum Brevet B oder C.

Hei fannt dir weider Informatiounen an d’Formulairen: Info Congé Jeunesse