Wat ass de JOTA-JOTI?

Léif Guiden a Scouten,

De JOTA-JOTI ass ee Weekend deen all Joers vum Weltverband vun de Scouten (WOSM) organiséiert gëtt an dëst ass eng eemoleg Geleeënheet fir mat ronn 1,2 Milliounen anere Guiden & Scouten aus iwwer 150 Länner ronderëm d’Welt a Kontakt ze kommen.

 

JOTA steet vir Jamboree on the Air an erméiglecht et vir dass Scouten weltwät via Funk kennen mateneen funken, oder Biller kennen austauschen sou wéi och mat eneen schreiwen kennen.

Heivir braucht dir allerdéngs een lizenzéierten Funkamateur deen iech weist wéi dës Technik funktionéiert an och d‘Material matbréngt.

 

JOTI steet vir Jamboree on the Internet. Och hei kennen sech d‘Scouten weltwät mateneen austauschen, iwwert speziell Programmer an Homepagen. Technik haut zu Daags mécht e méiglech an einfach, dëst souguer aus dem Scoutschalet via Smartphone oder Tablet ze maachen.

 

Wéi all Joer gëtt et och dëst Joer erëm e Spill, wou een per Funk an Internet kann drun deelhuelen.

 

De JOTA/JOTI ass dëst Joer den 19. an 20. Oktober.

Well jo all Grupp meeschtens vun sengem eegenen Chalet aus um JOTA oder JOTI deelhëlt, kann een natierlech och just op engem Dag deelhuelen oder och just amplatz vun der regulärer Versammlung Samschdes.

 

Wanns du mat dengem Grupp oder denger Branche wëlls um JOTA/JOTI deel huelen, nach vläicht Froen hues, nach een Funkamateur brauchs, Equipement geléint muss kréien, dann mell dech einfach bei eis.

Op eiser Homepage fënns du nach vill Informatiounen, Ideën zum Thema an Spiller an Aktivitéiten zum Weekend.

 

Scouting in Luxembourg
Arbeschtsgrupp Alexander Graham Bell

 

www.jotajoti.lu                                                                                                    info@jotajoti.lu