Presentatioun Centre Mariendall SNJ

Léif Scoutecheffen,

Mir hunn eis iwwer äre Besuch bei eis am Jugendzenter Märjendall, am Kader vum Festival Mosaik,

gefreet a mir hoffen dir hutt e flotten Dag bei eis verbruecht!

Well mir oft gefrot gi sinn, wat mir op eisem Site eigentlech ubidden, schécke mir iech heimadder e puer

Informatiounen zu de Méiglechkeeten déi sech iech am Jugendzenter Märjendall fir Aktivitéite mat äre

Scoutsgruppen um lokalen Niveau bidden.

Am Mariendall fannt dir:

  • 96 Better op 3 Etage verdeelt déi dir fir Iwwernuechtung vun äre Gruppe kënnt lounen. Et gëtt ëmmer je no Besoin just déi Zuel un Zëmmere gebucht déi och gebraucht gëtt. De Mariendall ass iwwert dat ganzt Joer op an Iwwernuechtunge kënnen esouwuel mat wéi och ouni Aktivitéite vum SNJ gebucht ginn.
  • 13 Säll fir är eegen Aktivitéiten. Dës stinn an ënnerschiddleche Gréissten zur Verfügung a kënne polyvalent genotzt ginn. Bei all Dortoirsbuchung sin ëmmer och 2 Aktivtéitsraim inclus. Falls dir Material braucht wéi Pinnwänn, Flipcharten, Projektiounsméiglechkeeten, Moderatiounskofferen, stelle mir iech dëst zur Verfügung. Vun Raim fir kleng Aarbechtgruppen, iwwer Säll fir Workshoppen a Reunioune bis Theater oder Concerten ass um Site Villes méiglech, woubäi dir eenzel Raimlechkeete fir kleng Aktivitéiten oder de gesamte Site fir eng grouss Manifestatioun loune kënnt.
  • 1 gudd ekipéiert Kichen déi et Gruppen erlaabt selwer ze kachen, déi awer och fir Aktivitéite ka genotzt ginn.
  • 1 Restaurant fir 100 Persoune wou dir mat ärem Grupp iesse kënnt falls dir net selwer wëllt kachen.
  • E groussen Baussebräich deen iech vill Méiglechkeete fir är Outdoor- a Fräizäitaktivtéite bitt (Feierplaaz, Grillplaaz, Wanderungen etc.).
  • Eng grouss Panoplie un Aktivitéite fir verschidden Alterskategorien déi dir kënnt dobäibuchen, an de Beräicher:
    • Medien (Film a Foto, medienkritësch Aktivitéiten)
    • Zesumme liewen (Teambuilding, interkulturellt Léieren)
    • Kierperbewosstsinn (Ernierung, Kierperperceptioun)

Méi Informatiounen zu den eenzelen Aktivitéite fannt dir op eisem Internetsite www.marienthal.snj.lu .

 

Dir kënnt iech mat äere Froën oder fir eng Visite vum Site och ganz gären un eist Sekretariat adresséieren.

Dir ereecht d’Sekretariat per Email op secretariat.marienthal@snj.lu oder per Telefon um 247-76401.

Mir freën eis op äre Besuch bei eis!

 

Mat léiwe Gréiss

D’Ekipp aus dem Mariendall

Presentatioun Mariendall

Fotodossier Mariendall