Challenge: World Thinking Day 2020

Maach mat a verdéng däin Badge!

Léif Guiden a Scouten,

Wei all Joers féieren mir den World Thinking Day! Dëst ass den Gebuertsdag vun der Lady (a Robert) Baden Powel. Weltwäit gett dëst ënner Guiden a Scouten gefeiert säit 1926! Sief dëst Joer mat dobäi a kuck deno ob wagggs.org wei déi aner Gruppen dëst gefeiert hunn!

Thema dëst Joer ass  ‘Lieweg Fiedem’, an et geet ëm Inclusioun, Diversitéit an Egalitéit well wann mir eenzel Fiedem zesummen spannen kënnen mir eppes vill méi Grousses an Staarkes schafen. Mir sinn all wéi dës eenzel Fiedem, eenzegaarteg an gläich wichteg!

 

3 Punkten, dofir och 3 Challengen déi dir musst erfëllen fir iech den Badge ze verdéngen! 

1. Haiku

Een Haiku ass een Japanesch Gedicht wat net reimt an awer eng 5 – 7 – 5 Syllaben Struktur suivéiert. Denk un deng Frënn, a wéi dir all verschidden vun en aner sidd. Elo schreif een Haiku fir dengen Frënn ze soen wéi frou’s du mat hinnen bass, trotz dësen Ënnerscheeder! #Diversitéit

Beispill:

Ech sin frou mat dir
Dein Laachen, deng Freed yuhu
Frendschaft ass wertvoll

2. Zeechesprooch

Fënns du et och wichteg dass mir jiddereen bei eis ophuelen egal wei dës Persoun ausgesäit oder vun wou si hier kënnt? Dann deel eis dëst mat andeems du däin Message per Zeechesprooch ophëls. Dëst kënnen ganz Sätz sinn oder einfach eenzel Wierder, film dat ganzt an schéck et ran! #Inclusioun

3. Danzen

Mir schwätzen all verschidden Sproochen mee eng Sprooch kennen mir all: danzen!
Danz ob däin / äert Liblingslidd a schéck et ran! #Egaliteit

 

Schéck ons dës 3 Saachen eran entweder per Facebook ob eis International Säit oder per Email ob ic@lgs.lu bis den 22. März a verdéng dir däin Badge! ( Preziséier weg ob mir dierfen däin Material publizéieren oder net ).

Vill Spaass! 🙂

 #WorldThinkingDay  #InOurHands  #HappyBirthdayBP