Info Coronavirus (COVID-19)

Statement vun den LGS zum Coronavirus als PDF
Bonne Action vun den LGS

Léif Cheftainen a Chef,

De Covid-19 mécht säin Tour an dat och hei zu Lëtzebuerg. Den Owend um 19h30 hunn de Premier Minister an d’Gesondheetsministesch nei Mesuren getraff.

Mir als Guiden a Scouten passen eis dëse Mesuren un a recommandéieren iech ALL är Scoutsaktivitéiten ofzesoen an dëst bis den 27.03.2020. Domadder si wöchentlech Versammlungen mat de Jonken, Grupperéit, Regional Aktivitéiten a Versammlunge an och national Aktivitéiten a Versammlungen, … gemengt.

Als Verband recommandéieren mir desweideren d’Aktivitéiten wou méi wéi 100 Leit drun deelhuele kënnen, bis den 31.03.2020 ze annuléieren.

D’JoCaPi déi de 04.04.2020 sollt stattfannen ass op Récksprooch mat der Organisatiounsekipp ofgesot.

Et deet eis schrecklech Leed iech dës Mesure lo musse matzedeelen, ma d’Gesondheet vun all eenzelen an déi vun eise Matmënschen geet definitiv vir.

Desweideren roden mir iech, iech un d’Recommandatioune vum Gesondheetsministère ze halen:

  • dacks d’Hänn mat Seef a Waasser wäschen,
  • an den Ielebou houschten an néitsen
  • a gebrauchten Nuesschnappecher an eng Dreckskëscht mat Deckel ze geheien.

Wat Päischt- a Summercampen ugeet, sou ass et lo nach ze fréi fir d’Situatioun bis dohi virauszegesinn a mir roden iech dofir, dës normal weider ze plangen an ze organiséieren.

De Moment wou mir weider Richtlinne kréien, deele mir iech dës natierlech mat.

Weider op de Site vum Gesondheetsministère

Bleiwt all gesond,

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

Anouk Galassi Yves Marchi
Commissaire générale Commissaire général adjoint