UPDATE – Info Coronavirus (COVID-19)

UPDATE – Statement vun den LGS zum Coronavirus als PDF
Bonne Action vun den LGS

Weider Informatiounen zu der aktueller Sanitärer Krise

Nodeems de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten schonns Enn leschter Woch sämtlech Guiden- a Scoutsaktivitéiten ausgesat huet an déi lancéiert BA-Aktioun gutt ukënnt, hei elo nach eng Rei weider Informatiounen iwwert méi praktesch Mesuren.

Dës Informatioune kommen zesumme vun dem Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, der Lëtzebuerger Guiden a Scouten a.s.b.l., der Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken an der ONGD Guiden a Scouten fir eng Welt.

Dës Mesure si momentan viraussiichtlech bis Enn Abrëll geplangt, mee ginn der jeeweileger Evolutioun vun der Situatioun zäitno vun ons ugepasst:

  • Sämtlech Versammlungen Aktivitéiten Week-ender a Campen vun de verschiddenen uewe genannte Gremie sinn ofgesot, dest viirraussiichtlech mol bis den 20.Abëll 2020.
  • Och de Wëllefchersrallye vum 29. Abrëll 2020 ass ofgesot.
  • D’Aarbechten an der Zentral (Administratioun) sinn op ee Minimum erofgefuer ginn. A wichtege Fäll soll een eng Mail op info@lgs.lu schreiwen oder wärend de Bürosstonnen (8 Auer-12 Auer) op den Telefon 26 94 84 uruffen.
  • Déi zwee National Formatiounszenteren zu Bilschdref an um Neihaischen, de Chalet Géisserei an d’Campplaz am Fënsterdall bleiwen déi ganzen Zäit iwwer zou an empfänke keng Gruppen.
  • D’ONGD ass wärend de Bürosstonnen iwwert Telefon ze erreechen.
  • Beim LGS-Shop besteet d’Méiglechkeet Uniformshiemer a Foularde geliwwert ze kréien. Dëst ass virun allem geduecht, déi Guiden a Scouten z’equipéieren, déi un der BA-Aktioun deelhuelen. Et ass awer net méiglech d’Hiemer unzemoossen, d’Gréisst muss bei der Commande matgedeelt ginn. D’Commande ass entweder iwwert Mail op lessure@lessure.lu oder den Telefon 26 94 56 56 ze maachen. Et besteet awer d’Méiglechkeet dass et bei verschidde Gréissten zu enger Rupture de Stock komme kann, well de Fournisseur seng Aktivitéite schonns agestallt huet.
  • Fir déi gréisser Aktivitéiten, déi am Mee geplangt sinn, wéi z.B. den 1. Mee um Neihaischen, d’Bilschdrefer Kiermes, de Bealtaine oder nach d’Päischtcampe gëtt d’Situatioun weider observéiert an evaluéiert an en temps utile ginn dann Decisioune geholl, déi dann och matgedeelt ginn. Dat selwecht zielt fir weider gréisser Aktivitéiten am Summer, wéi d’Deelhuele vun onse Gruppen un de groussen Auslandscampen an den Oflaf vun de Projeten.

Mir wëllen och nach eng Kéier ervirsträichen, dass ët iwwerliewenswichteg ass sech u sämtlech Instruktioune vun der Regierung ze halen.

Mir wëlle jidderengem villmools Merci fir säi geliefte Guiden- a Scoutsengagement an dëser Situatioun soen.

 

Bescht Guiden- a Scoutsgréiss,

déi Responsabel vun:

dem Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten
der Lëtzebuerger Guiden a Scouten a.s.b.l.
der Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken an
der ONGD Guiden a Scouten fir eng Welt