Illustrateur gesicht!

Fir eng nei Campagne sichen d´Lëtzebuerger Guiden a Scouten eng Persoun déi bereed wär Illustratiounen/Motiver ze gestalten. Mir sinn umgaangen en neie Gadget (Kaartespill) auszeschaffen an eng Campagne op de soziale Medien ze preparéieren, woufir nach Illustratioune musse gemoolt an digitaliséiert ginn. D´Thema vun dëser Campagne souwéi den Aufgabeberäich deele mir dir op Nofro hin gäere mat.

Du zeechens an dénger Fräizäit gäeren Illustratiounen oder schaffs esouguer professionnel an dem Beräich? Da mell dech elo bei der PR-Ekipp a geff en Deel vun desem Projet.

Fir matzehëllefen oder éischt Informatiounen ze kréie mell dech bei eis ënnert pr_ekipp@lgs.lu

Mir fréen eis op déng Ënnerstetzung 🙂