LGS Aktivitéitsbox

D´PR-Ekipp huet an de läschte Wochen a Méint fläisseg un der Aktivitéitsbox geschafft, déi dir an der Chefbox kennt fannen nodeems dir iech ageloggt hudd.

An der Aktivitéitsbox welle mir ganz vill verschidden Aktivitéiten zesummendroen, an dësst mat der Hëllef vun eise lokale Gruppen. Fir daat ganzt méi iwwersiichtlech ze haale kennt dir d´Aktivitéite filteren, je nodeem waat dir genau sicht. Et besteeht d´Méiglechkeet no Branche, Zäit, Plaz, Persounen, Typ a Land ze filteren.

Mir hu schon eng Reih Aktivitéiten an d´Aktivitéitsbox dragesaat, dorenner virun allem Theaterstécker, a wellen dëss am Laaf vun der Zäit emmer méi opgefellt kréien, an daat mat ärer Hëllef.

Mir bieden Iech dofir, wann dir färdeg preparéiert Versammlungen, Aktivitéiten, Camp´en,… hudd a mat äre Kollegen deele wellt, dëss iwwert eise Formulaire eropzelueden. Soubaal är Aktivitéit iwwerpréift gouf gëtt se dann automatesch an der Aktivitéitsbox ugewisen

 

Hëllft mat, deenen aanere Chaftainen a Chef är Ideen zur Verfügung ze stellen, well jidderen vun eis haat jo scho mol eng Kéier d´Situatioun wou e keng Zäit hat eng Versammlung virzebereeden oder et hunn engem einfach déi néideg Ideen gefeehlt. 😉

 

Bei Problemer, Froën oder Umierkungen kënnt dir iech zu all Moment ënnert webmaster@lgs.lu bei eis mellen

 

Aktivitéitsbox

Formulaire fir eng nei Aktivitéit eranzereechen