Hallo Hamburg!
Sou wéi d’läscht Joer waren mir Young Delegates och dëst Joer als Deel vun der I-Ekipp op der DSK (Deutschsprachige Konferenz). D’DSK bréngt Stellvertrieder vun allen däitschsproochegen Länner aus Europa zesummen. Dorënner falen Däitschland, Schwäiz, Polen, Eisträich, Liechtenstein, Belge, Südtirol an Italien, Holland an Lëtzebuerg. D’DSK ass eng Geleeënheet fir en Austausch mat Länner ze hunn, déi eis an hiren Scoutstraditiounen no stinn, fir perséinlech Relatiounen ze knüpfen an ze pflegen, an sech iwwert en Weekend mat gewëssenen aktuellen Problematiken auserneenzesetzen.
Dëst Joer stoung d’DSK ënnert dem Thema #Vielfalt. Et muss een nëmmen ronderëm kucken fir ze gesinn dass Villfalt en Thema ass wat ëmmer méi relevant gëtt, an och als Scouten – besonnesch als Scouten – musse mir eis mat domat auserneen setzen kennen.
Mir sinn Freides mëttes géint 15.30 zu Hamburg ukomm, wou direkt en Treffen mat deenen aneren Young Delegates um Programm stoung. D`Haaptthema war hei, wat mir als däitschsproocheg Vertrieder wëllen am Youth Forum an Ägypten duerchsetzen, besonnesch intressant war dat also fir den Max, deen eis als LGS wäert am August op dësem Forum vertrieden.
Owes gouf et nieft engem klengen Iessen, eng Introduktioun an den Weekend vum Host, dem rdp (Ring Deutscher Pfadfinder).
Samschdes moies goung et dunn richteg lass mat verschiddenen Excursiounen duerch Hamburg. Verschiddener sinn duerch eng Visite méi iwwert den multikulturellen Quartier Sankt Georg, an dem mir och iwwernuecht hunn, gewuer ginn. Dat ass interessanterweis e Quartier deen bekannt ass fir seng héich Villfalt an déi Opportunitéit an Problemer déi des Villfalt mat sech bréngt. Anerer hunn eng Visite vum weltbekannten Hamburger Hafen gemaach oder waren ob enger Excursioun am Donkelen, déi vun engem Blannen geleet gouf.
Am Nomëtten goung et dann weider mat zwou Ronnen Workshops. Déi zwee Workshops un deenen ech, d`Coline, deelgeholl hunn waren ‘Flucht und Asyl’ an ‘Gender and Diversity` Mainstreaming in der Pfadiarbeit’.
Den éischten Workshop war méi ënnert der Form vun engem `best practice` Austausch, an deem mir zesumme gekuckt hunn wéi aner Verbänn mam Thema Flüchtlingsintegratioun ëmginn. Wichteg Froen waren zum Beispill: Wéieng Positioun hellt de Verband vis-a-vis der Flüchtlingskris? Wéi kënne Gruppen ënnerstëtzt ginn déi eng aktiv Roll wëllen iwwerhuelen? Wéi kann ee Flüchtlingen, déi oft e komplizéierten Hannergrond hunn, erreechen an am Grupp halen?
Den zweeten Workshop gouf gehale vum Paula Neher, Member vum Europacomité fir WAGGGS. Hat huet eis den `Gender and Diversity Mainstreaming Toolkit` vu WAGGGS virgestallt, deen Verbänn an Gruppen soll hëllefen Aktivitéiten, Finanzen, Management, Organisatiounsstruktur an Formatiounen sou ze gestallten, dass se zougänglech sinn zu Persounen mat diversen Hannergrënn.
Dësen Workshop huet een wierklech dozou bruecht iwwert den eegene Verband ze reflektéieren. Maache mir als LGS genuch fir Inklusivitéit an Diversitéit ze fuerderen? A wéi engen Beräicher si mir erfollegräich? A wéi enge nach hannendran? Dat sinn Saachen iwwert déi mir alleguer, och dir an ären lokalen Gruppen kennen nodenken.
No engem ganz intensiven, mee och spannendem Dag haten mir owes eng Excursioun déi fir Hamburg ganz typesch ass; eng Bootsrundfahrt am Hamburger Hafen; Mat engem klengen Boot sinn mir duerch den Hafen gefuer an kruten vun eisem Guide ganz vill Informatiounen zu den Schléissen am Hafen, den Croisièresschëffer wou hei ukommen, bis zu den groussen Frachtschëffer déi all Dag Tonnen iwwer Tonnen Banannen, Kleeder, an Schmuck heihin bréngen fir ganz Europa ze versuergen.
Un Bord vun eisem Boot war ausserdeem fir Iessen an Gedrénks gesuergt, et gouf ganz vill traditionell Hamburger Spezialitéiten wei zum Beispill Fëschbréidercher.
Mat deenen aner Young Delegates zesummen haten mir en super flotten Owend; mir hunn giess, geschwat a gesongen. No 2 Stonnen war eisen klengen Tour leider eriwwer, mir hunn eis et awer net huelen gelooss, den Owend gemittlech an der Bar vum Hostel auskléngen ze loossen.
No enger vill ze kuerzer Nuecht, sinn mir dunn och an leider schon eisen lëschten DSK-Daag gestart. An der Sessioun “Neues aus den Verbänden” huet all Verband oder Land d`Méiglechkeet déi aner iwwer hier Aktivitéiten, grouss Camp`en an wichteg Aktiounen ze informéieren an awer och dohin ze invitéieren. D`Eisträicher annoncéieren zum Beispill, dass si d`nächst Joer d`DSK zu Salzburg hosten.
Zu gudder Lëscht war nach eng Receptioun vun FOSE (Friends of Scouting in Europe) wou déi Responsabel eis iwwert hier Aufgaben erzielt hunn an hier néi Memberen geéiert ginn sinn.
Fir déi eng ass et leider direkt nees mam Auto Richtung Lëtzebuerg gaange, mir, also d`Coline an d`Leini haten awer nach Geleeënheet bëssen duerch Hamburg ze trëppelen an mat den Verbliwwenen Young Delegates zu Mëtteg ze iessen. Duerno ass et och fir eis mam Zuch zréck Richtung Uni gaangen.
Ech denken mir schwätzen fir eis ganz Delegatioun wann mir soen, dass mir en super coolen Weekend haten mat villen neien, intressanten Informatiounen, vill Austausch, neien an alen Frëndschaften. Gespaant ob alles dat wou eis nach erwaart, an mat vill Virfreed op déi nächste Kéier jiddereen erëmzegesinn sinn mir alleguer rëm gutt doheem ukomm.
Leini a Coline fir d`LGS Young Delegates