All Dag eng BA. En Engagement fir d‘Gesellschaft

Lëtzebuergesch Versioun
Deutsche Fassung
Version française

Och zu Lëtzebuerg si mir an der aussergewéinlecher Situatioun vun enger Pandemie an déi erfuerdert dofir och aussergewéinlech Moossnamen. Dozou gehéiere fir eis selbstverständlech d’Solidaritéit an d’Mënschlechkeet. Nieft villen aneren Initiativen hunn esou och d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) an d‘Fédération Nationale des Éclaireurs et Éclaireuses du Luxembourg (FNEL) eng BA am Kader vun der sanitärer Krise lancéiert.

Mee wat ass iwwerhaapt eng BA? Eng BA; eng Bonne Action oder am däitschen „eine gute Tat“ seet villäicht scho genuch. „Mir Scoute bretzen eis ëmmer dat mir eng BA maachen. Wéini also de Leit hëllefe wann net grad elo an dëser schwiereger Zäit.“ (Charel, LGS  Réiser) 

“The most worth-while thing is to try to put happiness into the lives of others.” (Robert Baden Powell) Dat Zitat ass mat eent vun deene bekanntste wat de Grënner vun de Scouten eis all mat op de Wee ginn huet. Et beschreift dobäi a kuerzen awer klore Wierder wisou et grad elo esou wichteg ass dat mir eis fir eis Matmënschen asetzen. Mat eiser BA wëlle mir deene Leit Hëllef ubidden, déi an dëser sanitärer Krise engem besonnesche Risiko ausgesat sinn an de Kontakt mat hire Matmënschen esou wäit et geet vermeide sollen.

„Déi heiten Aktioun weist datt Scout sinn, méi bedeit wéi eemol an der Woch eng Versammlung ze organiséieren. Scout ass een all Moment, a grad da wann aner Leit engem seng Hëllef brauchen.“ (LGS Réimech)

62 Lokal Guiden- a Scoutsgruppen vun den LGS an der FNEL, hu sech mat hire jonke benevolle Guiden a Scoute bereet erkläert un dëser Aktioun deelzehuelen an an dëser schwiereger Zäit eppes Guddes fir eis Matmënschen an d’Gesellschaft ze maachen.

Natierlech stellen sech och eis jonk Guiden a Scouten hir Froe ronderëm déi aussergewéinlech Situatioun a wéi se domat ëmgoe sollen. Sou och de Gary vu Rodange: „Ech ginn oft gefrot op ech keng Angscht hätt fir do eraus ze goen a fiert d’Leit do ze sinn. Eigentlech scho mee déi vergeet relativ séier wann een d’Laachen an d’Freudentränen gesäit déi d‘Leit an den Aen hu wann ee mat den Akeef virun hirer Dier steet. Och kënnt et oft fir dat mir als déi „gréng Engelen“ bezeechent gi well d‘Leit net wësse wat se ouni eis géinge maachen.“

Vill Leit hu scho vun eisem benevolle System profitéiert a kënnen och weiderhin dovunner profitéieren. Esou si bis elo wäit iwwert 200 Commandë (Stand 21.03.) bei eis erakomm a goufen ëmmer zur Zefriddenheet vun deenen eenzele Leit entgéintgeholl. Dëst weisen déi vill Léif Wierder vun de Leit déi si reegelméisseg kréien.

„Är Initiativ, eisen eelere Semester wärend dëser kritescher Zäit ze hëllefen, fannen ech einfach super. Ech hunn zwar Neveuen déi fir mech akafe ginn, sinn awer (als fréier Guide/Scout) frou, datt bei de Guiden a Scouten d’Devise: ËMMER BEREET nach ëmmer gëllt. Alle Respekt! MERCI fir är BA.“

„Déi eng Koppel war immens Dankbar iwwert déi Hëllef an d‘Engagement vun deene Jonken. Si géif dat dofir och mat engem Don ënnerstëtzen. De Mann an d’Fra hu mir nach puer E-Maile geschéckt fir nach eng Kéier Merci ze soen.“ (Sven, LGS Ettelbréck)

„De Merci deen d’Leit eis ginn ass enorm a weist wéi Dankbar d’Leit sinn. Mir krute souguer vu Leit eng Mail fir einfach Merci ze soen.“ (LGS Réimech)

„Déi kleng Gestë vun de Leit déi laascht ee ginn an eis hire Respekt ginn, ass dee gréisste Merci deen ee ka kréien“ (Chiara, LGS Sandweiler)

Déi jonk Guiden a Scoute leeschten op fräiwëlleger Basis en immenst Engagement fir eis Gesellschaft an dofir hunn si all e ganz grousse Respekt verdéngt.

„Et freet mech einfach ze gesi wéi onkomplizéiert déi Aktioun vu béide Säiten ofleeft a wéi gutt de Feedback ass. Dës Aktioun ass a mengen Aen net nëmme gutt fir déi betraffe Leit, mee och fir all déi Guiden a Scouten déi an dëser Zäit mussen op hir aner Aktivitéite verzichten an sech esou sënnvoll kënnen engagéieren. Ech wënsche mer, dass dat Engagement fir eis Matmënschen an dat Gefill vun Zesummenhalt wéi mir et elo erliewen och no dëser Zäit weider bestoe bleift.“ (Cathy, LGS Réiser)

Si gi puer mol am Dag an e Supermarché akafen a stellen sech an d’Waardeschlaange fir hire Matmënschen hir Kommissiounen ze maachen. An dëst och nach ëmmer a gudder Laun a mat engem Laachen am Gesiicht.

„Ech fannen et schéi matzemaachen, well ee weess dass ee gebraucht gëtt an och wann een nëmmen eppes Klenges mécht, dat vill fir d’Leit bedeite kann. Ausserdeem ass et schéin anere Leit eng Freed ze maachen an sou si virun allem an dëser Zäit opmonteren ze kënnen.“ (Anna, LGS Réiser)

„Fir mech ass et wichteg dat ech mech fir déi méi vulnerabel Mënschen asetzen, well et lo méi wei jee wichteg ass zesummen ze halen, um selwechte Strang ze zéien an datt sech déi Jonk fir déi méi al, schwaach an krank Mënschen asetzen. Ech hunn d’Gefill datt do wou de Coronavirus-Virus Angscht an Onsécherheet verbreet, schenkt d’Solidaritéit engem Halt an Zouversiicht. Nodeems ech enger Madamm hier Akeef virun d’Dier gestallt hunn an si mir d’Suen op d’Fënsterbriet geluecht hat, huet si just nach gesot: wat géinge mir nëmmen ouni sou Mënsche wéi iech maachen. (Tanja, LGS Leideleng)“

„Ech hunn mat ville Leit geschwat an d‘Unerkennung an d‘Dankbarkeet vir eis benevole Arabescht ass staark present“ (Vincent, LGS Ettelbréck)

Wann Dir och sou eng Hëllef braucht kënnt dir Iech gäre bei eis mellen.

Passt op Iech op a bleift gesond.

Är Guiden a Scouten