UPDATE – Coronavirus (21/04/2020)

Léif Guiden a Scouten,

Léif Cheftainen a Chef ,

Léif Frënn,

De Covid-19 huet huet d’Liewen zu Lëtzebuerg fest am Grëff. Mir all hunn eis an deene leschte Woche missten un déi nei Situatioun upassen an esou musse mir et elo och mam Scoutsprogramm fir d’Joer 2019/2020 maachen. Opgrond vun de Beschlëss vun der Regierung, huet de Verband dofir folgend Decisioune getraff, wéi de Scoutsimus an deenen nächste Méint weider gelieft ka ginn:

  • Versammlungen

Duerch d’Versammlungsverbuet, wat bis den 31. Juli 2020 a Kraaft ass, mussen all d’Versammlungen, op lokalem a nationalem Niveau, fir d’Scoutsjoer 2019/2020 ofgesot ginn. Dëst heescht awer net dass mir eise Memberen dëst Scoutsjoer kee Programm ubidden. Virun 3 Wochen ass de Projet #ScoutenDoheem lancéiert ginn, wou d’Programmekipp, mat de Branchenekippen, ofwiesslungsräich Iddie publizéiert, ewéi mir eise Memberen een altersgerechte Scoutismus op Distanz kennen ubidden. Dëse Projet gëtt weidergefouert an iwwert déi nächst Wochen a Méint ausgebaut.

  • De Summer 2020

Et war keng einfach, awer eng onëmgänglech Decisioun vum Verbandscomité, all d’Verbandsaktivitéite bis op Weideres ofzesoen. Dëst betrëfft ënnert andeem de Slov’It, esou wéi d’Odysseeën 2020. D‘Chef an d’Participant’en ginn an den nächste Woche vun de responsabele Campchefe kontaktéiert.

Ënnert den aktuelle Bestëmmunge vum social Distancing kënne leider och keng Summercampen vun de lokale Gruppen, weder am Inland, nach am Ausland, accordéiert ginn. Eis Methode an d’Organisatioun vun eise Campen erméigleche keng 2 Meter Ofstand tëscht de Guiden a Scouten. Fir de Verbandscomité ass d‘Sécherheet an d‘Gesondheet vun all Guide a Scout elo prioritär. All déi Gruppen, déi hire Camp schonn ugemellt haten, gi vum Verband kontaktéiert.

Op elo aner méi kleng oder grouss Aktivitéiten am Summer 2020 stattfanne kennen, hänkt net eleng vun den LGS of, mä vun der Tatsaach wéi sech d’Pandemie-Situatioun an den nächste Wochen a Méint entwéckelt. De Verband vun den LGS probéiert sengersäits säi Bescht, fir datt d’Aktivitéiten, wann d’Situatioun et erlaabt, kënne stattfannen.

D’Rentrée fir d’Guide – Scoutsjoer 2020-2021 bleift bis op Weideres wéi geplangt bestoen. (ChefWE den 19.-20.09.2020, an de Kongress, de 26.09.2020). Mir halen iech natierlech och hei um Lafende wéi d’Situatioun sech entwéckelt.

  • Op Guide oder e Scout ass ëmmer verlooss

De Projet #AllDagEngBA, dee viru méi ewéi 5 Woche lancéiert ginn ass, verzeechent een enorme Succès. Mat bal 2500 Akeef, déi d’LGS vir vulnerabel Bevëlkerung duerchgefouert huet, mierke mir wéi wichteg et ass, dass mir als Guiden a Scouten elo bereet sinn an eis Valeuren no baussen droen.

Vir déi nächst Wochen a Méint ass et wichteg, dass mir eis BA weider kënnen ubidden, vir all eis “Client’en” weiderhi kënnen ze hëllefen an hinnen esou hiren Alldag ee bëssen ze vereinfachen. Duerch d’Decisioun, dass d’Schoulen no an no nees wäerten opmaachen, musse mir eis och bei dëser BA ëmstellen. Villäicht regroupéiere mir d’Akeef op 1 bis 2 Deeg d’Woch, villäicht kréie mir Hëllef vun anere Veräiner oder d´Gemeng ass bereet vir dem Grupp ze hëllefen. Wichteg ass, dass d’BA op déi eng oder aner Weis weidergefouert gëtt.


Komm mer loossen dowéinst elo net de Kapp hänken!

Mam ausfale vun de Versammlungen, vu Weekender a vum Camp di mir net de Foulard aus an halen op Scout zesinn.

Grad an dëser Zäit erliewe mir nach eng Kéier op eng ganz aner Aart a Weis wat et heescht Guide a Scout ze sinn. Dir alleguer gitt gebraucht an et ass wichteg, dass mir fir déi méi schwaach an eiser Gesellschaft do sinn, eis engagéieren a present sinn, dass mir eis un eist Verspriechen erënneren an dat liewen. Och wann dëst eng schwéier Zäit ass a mir eis Frënn an déi vill flott Momenter bei de Scouten iwwert déi nächst Méint vermësse wäerten esou si mir eis sécher, dass dës Zäit och eng Chance ass. Andeems mir weider aktiv no eise Wäerter vum Scoutismus liewen, schafen mir Erënnerunge déi onvergiesslech sinn an un déi mir an e puer Joer gär zeréck denken, well se Mutt maachen d’Welt e Stéck besser ze verloosse wéi mer se virfonnt hunn.

Mir wënschen iech all weiderhi vill Courage a bleift Gesond.

Mat beschte Guiden – a Scoutsgréiss,

Fir de Verbandscomité
Anouk an Ivo